Ausbléck: Geschwënn erëm méi sonneg & Temperature bis 28°C

Nom ville Reen sinn endlech mol besser Neiegkeeten an de Wiederkaarten ze erkennen. Vu muer den Owend un erwaart eis eng kuerz méi frëndlech Phas, genéisst se!

Advertisement

D’Grousswiederlag

Iwwert den Azoren läit schonn en Héichdrockgebitt prett, wat sech vum Samsdenowend un a Richtung Nordosteuropa wäert breetmaachen.


Esou solle sech d’Loftmasse viraussiichtlech bis an déi nächst Woch era veränneren | Animatioun: wxcharts.com

D’Héichdrockgebitt wäert dann bis en Dënschden inclus esou iwwert eis leie bleiwen, ier sech vum Mëttwoch un erëm déiwe Loftdrock aus dem Alperaum hier iwwert eis soll leeën. Et heescht dës frëndlech Phas also ze genéissen!

Den Oflaf

De Samsde verleeft mol nach mat Schaueren, déi awer vum Nomëtten un ufänken ofzehuelen. Fir de Virowend vu Nationalfeierdag ginn d’Wolleken ëmmer manner déck, Reen ass kee méi ze erwaarden bei Minimalwäerter vun tëscht 9 an 13 Grad. E Sonnde wiessle sech d’Sonn a Wolleken of, dobäi weist d’Sonn sech awer schonn däitlech besser wéi un den aneren Deeg. 19 bis 23 Grad stinn un.

Vun e Méinden u gëtt de kuerze Changement nach méi däitlech: De ganzen Dag soll et dem momentane Stand no zimmlech sonneg sinn, dobäi zéie just e puer eenzel Schleierwolleken duerch. D’Temperature packen et op tëscht 23 bis 26 Grad. Och den Dënschde gëtt et nach eng Kéier richteg frëndlech, 24 bis 28 Grad sollen de momentane Modellkaarte no optrieden.

Duerno erëm schmeier an Donnerwiederrisk

Vum Mëttwoch un deiten d’Modeller erëm däitlech méi fiicht Loftmassen un, duerch déi et bei 27 Grad also richteg schmeier gëtt. Kee Wonner, dass dann och erëm Schaueren an Donnerwieder méi warscheinlech ginn, déi virun allem um Donneschde kéinten duerchzéien – Konjunktiv, well dës Aschätzung bal eng Woch an d’Zukunft geet.