
No den Deeg mam Fisemreen a Niwwel soll et geschwënn erëm zu méi groussflächegem Reen kommen – dat och mat nennenswäerte Quantitéiten.
No méi laanger Zäit mol erëm nennenswäert Reequantitéiten
Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat akkumuléierte Reequantitéite vun tëscht 5 a 15 l/m². Dat meescht dovu soll am Nordweste vum Land falen. Den europäeschen ECMWF gesäit dat änlech, et sollen tëscht 9 an 12 l/m² erofkommen.
De franséischen ARPEGE geet och an déi selwecht Richtung a berechent 9 bis 12 l/m². Den däitschen ICON distanzéiert sech net wäit dovun an ass mat 7 bis 11 l/m² dobäi. Di zwee Modeller rechnen am Nordwesten an och am Weste mam meeschte Reen.

Kuckt ee sech déi momentan Modellrechnungen un, da kéint et geschwënn méi oft virkommen, dass et groussflächeg reent. D’Prognose fannt Dir hei.