
Déi éischt Versich fir sonnegt Wieder hu mir haut schonn gesinn, an de nächsten Deeg klamme se awer virun – genee wéi och eis Temperaturen, déi a Richtung zweet Wochenhallschent Fréijoersniveau kënnen erreechen.
Advertisement
Bal eng Woch laang Héichdrockafloss
Elo de Weekend iwwer ass sech eist Héich amgaange, bei eis breetzemaachen. Well dat kee Prozess ass, deen vun lo op direkt fäerdeg ass, war den Dag vun haut zwar schonn besser, mee et waren och nach vill Wolleken am Spill. Vu muer u geet et allerdéngs ëmmer besser, d’Chancen op méi laang sonneg Momenter ginn an d’Luucht. D’Héichdrockgebitt soll, sou dem aktuelle Stand no, nach op d’mannst bis e Freide seng Stellung iwwer West- a Mëtteleuropa halen, ier et dann de Weekend zu den éischte frësche Versich vun Déifdrockgebitter kéint kommen. Den amerikanesche Modell gesäit, dass et kuerz drop erëm roueg gëtt duerch en Héich, iwwerdeems den europäesche Modell aktuell mat engem Iwwergang zu enger variabeler a strammer Weststréimung berechent.

Natierlech kéint een elo soen, dass een mat esou Aussoe misst virsiichteg sinn, well eng Prognos meeschtens just 2 bis 3 Deeg am Viraus verlässlech sinn. Bei markanten Héichdrocksituatioune wéi där, déi mir an de nächsten Deeg erliewen, kann een awer mat enger gréisserer Sécherheet déi ongeféier Dauer vun dëser Grousswiederlag aschätzen. Dat eenzegt, wourop mir all Dag mussen hoffen ass, dass sech de Niwwel allkéiers opgeléist kritt. Wa jo, da steet e puer frëndlechen a sonnegen Deeg näischt am Wee.
Vun den Temperaturen hier packe mir et e Méinden op tëscht 9 an 11 Grad, en Dënschde gëtt et liicht méi mëll. Vun e Mëttwoch un kéinten eis Maximalwäerter vun ëm 13 Grad ustoen, dei sech dem europäesche Modell nach bis Enn der Woch op knapp iwwer 15 Grad kéinten eropschaffen – aner Modeller sinn doran awer däitlech méi zréckhalend.