Egal ob Schnéi, Schnéireen oder Reen, bis e Freide si gréisser Nidderschlagszommen zu Lëtzebuerg ze erwaarden. Dëst huet natierlech keng positiv Auswierkungen op d’Peegelen.
Advertisement
Déi allgemeng Situatioun
D’Wiederlag vun aktuell ënnerstëtzt ëmmer erëm d’Forméiere vu Nidderschléi, wat sech bis e Freiden zu gréisseren Zommen opsomméiere kann. Muer erwaart eis eng klassesch Loftmassegrenz-Situatioun, déi, ganz ofgesinn vun der Nidderschlagszort, gréisser Quantitéite wäert ervirruffen. Nofolgend gerode mir och en Dënschde nach eng Kéier ënnert en Déifdrockgebitt, vun dem d’Zuchrichtung awer nach e bësse manner sécher ass. De meeschte Modeller no soll et dann fir d’Woch souwäit “iwwerstane” sinn, ausser d’Ausseseiterléisung vum amerikanesche GFS-Modell géif sech duerchsetzen: Där no wieren e Freiden op e Neits grouss Nidderschlagszomme méiglech.
Alles an allem gekuckt erginn déi duerchschnëttlech Berechnungen, dass nach tëscht 20 a 40 l/m² sollen erofkommen, deels 50 l/m². Dëst wäert der souwisou schonn ugespaanter Situatioun mat de Peegelen net besonnesch an d’Kaarte spillen. Duerch schwankend Temperature muss ee natierlech och drun denken, dass de Schnéi schmëlzt an och an d’Flëss fléisst. Passt dohier weiderhin op de vulnerable Plazen op.
De Weekend iwwer setzt sech héije Loftdrock duerch, et gëtt also erëm méi roueg zu Lëtzebuerg. Zumools den europäesche Modell gesäit nofolgend eng zimmlech nidderschlagsaarm Woch.