Ausbléck: Gréisser Reequantitéite méiglech, dorënner fläit och Flacken

Een vun de Punkten, déi mir dës Woch am Aen halen, sinn d’Reequantitéiten an och déi kleng Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken. Ob d’Buergbrennen iwwerhaapt gewierkt huet?

Advertisement

D’Grousswiederlag

Wéi am Wochenausbléck schonn ugekënnegt, gëtt dës Woch reng aus meteorologescher Siicht gesinn e gutt Stéck méi interessant wéi déi lescht. De Grond dofir ass deen, dass mir bis ongeféier e Mëttwoch mol nach heiansdo ënner liichten Héichdrock geroden, deen mat senge Kären iwwert dem Mëttelmierraum läit. Heiansdo ginn et awer schonn déi éicht Versich vun Déifdrockgebitter iwwert dem nërdlechen Atlantik an och de britteschen Inselen – vill Reen oder Wand ass do awer nach net dobäi.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag dës Woch | Animatioun: wxcharts.com

Dat kënnt eréischt an der zweeter Wochenhallschent, wou den héije Loftdrock zimmlech ënnerdréckt gëtt a mir op d’mannst kuerzzäiteg voll ënnert eng stramm westlech Stréimung geroden. De Wand kucke mir eis an engem aneren Artikel un, a Saache Reen an och der Warscheinlechkeet vu Flacke gëtt et awer och interessant. Dat kucke mir eis elo un.

De viraussiichtleche Verlaf

Vum Mëttwochnomëtten u soll eis déi éischt Kalfront am Kader vun dëser Ëmstellung erwaarden, déi eis groussflächege Reen bréngt. Och en Donneschden wier schonn erëm déi nächst Kalfront mat dobäi, dat duerch e Randdéif wat vum Ärmelkanal aus op d’Nordséi eraus zitt. Do hannendrun wiere bis e Freiden inclus nach sëlleg Schaueren ze erwaarden, ier sech e Samsden an e Sonnden erëm liichten Héichdrockafloss probéiert duerchzesetzen. D’Modeller sinn trotzdeem net der Meenung, dass d’Nidderschléi ganz fort bleiwen.


Déi berechent Reequantitéiten vun elo bis e Sonnden inclus laut europäeschem Modell | Grafik: wxcharts.com

Wa mir d’Reequantitéite bis Enn der Woch esou kucken, da rechent den europäesche Modell zesummegerechent mat tëscht meeschtens 30 a 40 l/m². Laanscht den äusserste Westen a Südweste kënnen awer punktuell och mol bis zu 65 l/m² net ausgeschloss ginn. Den amerikanesche Modell gesäit dogéint e Maximum vun héchstens 45 l/m² laanscht den äusserste Westen. Dass et awer eng Tendenz an dësen Deel vum Land gëtt, weist och den däitschen ICON: tëscht 50 a 70 l/m² gi fir dës Regioune berechent, iwwerdeems et fir déi aner tëscht 30 a 40 l/m² solle ginn.

Et sinn och Flacke net ausgeschloss

D’Buerge goufe verbrannt, an domat jo och normalerweis de Wanter. Verschidde Modeller hunn de Moment awer d’Iddi, dass sech an der zweeter Wochenhallschent fläit och mol lokal kéinten eenzel Flacke blécke loossen. De Grond dofir ass deen, dass fir d’Nuecht op e Freiden an och e Freide selwer an der Héicht mat däitlech méi nidderegen Temperature gerechent gëtt. Doduerch rechent virun allem den europäesche Modell domat, dass et ënnert de Schaueren fläit och mol zu eenzelne Flacke kéint kommen. Och déi aner rechnen domat, mee éischter zréckhalend.


Eenzel Schnéisignaler an de momentaane Modeller | Grafik: wxcharts.com

Wichteg ass awer ze verstoen, dass et sech heibäi net ëmt e Comeback vum Wanter handelt. Puer Flacke jo, héchstens Schaueren, mee no spéitstens e puer Stonne gesäit ee näischt méi dovun. Mol kucken, ob d’Modeller dës Iddi bis Mëtt der Woch bäibehalen.