
Haut a muer gëtt et duerch Déifdrockausleefer mol nach deels e bësse naass, wat vun e Freiden un duerch héije Loftdrock awer ëmmer méi onwarscheinlech gëtt. Och eis Temperature ginn doduerch zréck.
Advertisement
Héichdrockafloss schläicht sech un
Wéi am Wochenausbléck schonn betount, wäert den Héichdrockafloss a Richtung Enn der Woch zouhuelen. Fir de Moment hu mir et awer nach mat Déifdrockausleefer ze dinn – den Ausléiser ass en Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär knapp virun der franséischer Westküst läit. D’Ausleefer dovu wäerte muer um Donneschden an allerspéitstens och nach an der Nuecht op e Freide fir e puer “Stéierunge” bei eis suergen.

Fir e Freide selwer si sech d’Modeller, trotz klengen Differenzen, doriwwer eens, dass héije Loftdrock d’Haaptroll iwwerhëlt. Wéi laang e bleift, ass ongewëss – geréng Signaler op éischt Stéierunge ginn et awer fir ronderëmt de 7. Februar, esou den aktuelle Stand. Dëse Changement bréngt haaptsächlech mat sech, dass de Reen däitlech méi rar gëtt. Den eenzege Nidderschlag, deen an all där Zäit relevant wäert sinn, ass de Niwwel. Kënnt et erëm zu sougenannten “Inversiounswiederlagen”, da musse mir eis erëm op en Dauergro astellen.
Temperaturméisseg wäerte mir vun e Freiden un erëm plazeweis bei bis zu -5 Grad an de Nuechte landen, fir den Ufank vun der nächster Woch ginn och -6 Grad net ausgeschloss. Am Dag wiere mir meeschtens bei eppes tëscht 0 a 5 Grad ënnerwee.
Knackeg kill Loft aus Russland?
Nieft dem Réckgang vun de Nidderschléi ginn et an de Modellkaarten de Moment zumindest zäitweis Signaler dofir, dass sech nom 7. Februar och e Stouss mat knackeg kille Loftmassen aus Russland an eis Géigende kéint beweegen. Dës Iddi gëtt bis ewell primär vum europäesche Modell ECMWF ënnerstëtzt – den amerikanesche Modell gesäit och en däitleche Réckgang, mee bei wäitem net esou intensiv. $

D’Héichdrockphas an och déi méi niddereg Temperature sollten, och wann elo nach kee konkret Enn a Siicht ass, awer net all ze laang undaueren. Mat all där Beweegung, déi mir iwwert dem Atlantik hunn an och hale wäerte, ka sech trotzdem och mol méi séier erëm e Changement weisen, deen d’Modeller elo nach net um Schierm hunn.