Ausbléck: Héichdrockdominant & Frascht an de Nuechten

An de nächsten Deeg wärt sech schéint Héichdrockwieder duerchsetze kënne. Wéi laang geet daat nach a gëtt et an Tëschenzäit och nachengkéier méi waarem? Dëst a méi gidd Dir an dësem Artikel gewuer.

Frëndlecht Hierschtwieder

Duerch den dominanten Héichdrockafloss si manner Wollécken ënnerwee an d’Sonn ka sech duerchsetzen, d’Temperature beweege sech dobäi op engem Niveau dee vir dës Joereszäit normal ass.

Bis de Freide ginn d’Deeg no a no méi waarem, vun Hëtzt bleiwe mir awer dëskéier wäit ewech. Um Mëttwoch packe mir et op 21 Grad an den Donnëschden op 22 Grad. Um Freide ginn d’Werter scho rem lues zréck. Während dëser Period ass kaum mat nennenswerte Nidderschléi ze rechne, just Niwwelfelder triede virun allem an de Moiesstonne verbreet op.

Iwwert de Weekend ginn d’Temperature rem op dee Beräich eroof, mat deem mir et de Moment (Stand Dënschden, 25. September) ze dinn hunn. D’Werter wärten tëschen 12 an 18 Grad am Dag leien, daat weiderhin ouni Reen.

Drockverdeelung bis Ufank Oktober (GFS / wxcharts.eu)

Scheiwe kraatzen ugesoot!

An de Nuechte wärt et gréisstendeels kloer sinn, virun allem an den Däller kënne sech och Niwwelfelder forméieren. Duerch de fräien Himmel kann et um Buedem séier op de Gefréierpunkt ofkille, soudass a nächster Zäit souguer glaat Stroosse net auszeschléisse sinn.

An der Nuecht op de Mëttwoch ginn d’Temperaturen am Groussdeel vum Land op 7 bis 2 Grad zréck. Am Norde, virun allem an den Däller, muss plaatzeweis mat 0 bis -2 Grad gerechent ginn. Duerch eng Buedemtemperatur, déi och däitlech ënnert dem Gefréierpunkt leie wärt, muss lokal mat glaate Stroosse gerechent ginn.

Vum Mëttwoch op den Donnëschde gëtt et uechtert Land e méi grousse Kontrast. Am Guttland faalen d’Werter op 10 bis 5 Grad, op de meechte Plaatzen am Norde gi minimal 3 Grad ereecht. Virun allem an den Däller kann et awer rem op de Gefréierpunkt eroofgoen – 2 bis -1 Grad si méigleg. Glaat Stroosse souwéi Buedemfrascht si wahrscheinlech. An der Nuecht op de Freide sollt et kee Loftfrascht méi ginn. Bei Temperaturen, déi op Buedemhéicht awer op de Nullpunkt faale, muss trotzdem mat Buedemfrascht gerechent ginn. Stellt Iech also op Scheiwekraatzen an an trefft Är Virkéierunge waat empfindlech Planzen ugeet.

Frëndlech bis an den Oktober eran?

Wéi ëmmer ass de Verlaaf vir déi Zäit drop am spannendsten. Vir e bëssen eng Iddi doriwwer ze kréien, hëllt een meechtens Ensemblegrafike mat dobäi, duerch déi een d’Probabilitéiten ofschätze kann.

Wéi et de Moment ausgesäit, wärte mir et nach bis an den Oktober eran mat wéinege Nidderschléi a vill Sonn ze di kréien. D’Temperature bleiwe gréisstendeels um selwechte Niveau a kënne virun allem an de Nuechten an an de fréie Moiesstonnen mol bis an d’Géigend vum Gefréierpunkt faalen. Ab dem 1. Oktober ass keng gréisser Ännerung ze erkenne, just, dass méi Signaler vir méigleg Nidderschléi ze gesi sinn. A Richtung 10. Oktober ginn dës méi däitlech, mee daat ass schon de Glaskurrelberäich. Als Fazit kann een also soen, dass mir a nächster Zäit haaptsächlech ennert dem Afloss vun Héichdrock stoe wärten.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)