D’Joer 2024 wäert aller Warscheinlechkeet no roueg op en Enn goen, well sech fir de Rescht vum Joer héije Loftdrock iwwert eis leet. Vum neie Joer u ka méi Beweegung an d’Spill kommen.
Advertisement
Héije Loftdrock dominéiert
Den 18. Dezember hate mir e mëttelfristegen Ausbléck gemaach, an dem et schonn esou zimmlech no Héichdrockaktivitéit fir déi lescht Deeg vum Dezember ausgesinn hat. Bezéie mir eis op déi aktuell Kaarten, da confirméiert sech dësen Trend. Haut, un Hellegowend, gesäit et ëmmer nach no rouegem Héichdrockwieder aus, wat sech bis ronderëm Silvester soll behaapten.
D’Héichdrockgebitt läit zimmlech zentral iwwert dem südleche Mëtteleuropa, zäitweis schwappt et och riicht erop an Däitschland. Dotëscht ass just fir e puer eenzel kleng Stéierunge Plaz, déi awer kee groussen
Impakt wäerten hunn. D’Roll vun engem Impakt iwwerhëlt erëm de Niwwel – deen ass nämlech typesch fir eng Héichdrockwiederlag am Wanter.
Heescht: Déi nächst Deeg hu mir erëm e Gerangel tëscht sonnegen Ofschnëtter an déckem Niwwel. Wéi eng Säit gewënnt, entscheet sech all Kéiers nëmme kuerzfristeg. D’Temperature beweege sech dagsiwwer gréisstendeels iwwert dem Gefréierpunkt, vum 29. Januar un kéint et awer nach en Tick méi kal ginn. An de Nuechten ass souwisou reegelméisseg mat liichtem Minus ze rechnen.
Déi aktuell Berechnungen, an och déi aus de leschten Deeg, si sech nach net exakt sécher, wéini et erëm méi onbestänneg gëtt. D’Iddien schwanken ëmmer erëm tëscht dem 31. Dezember an dem 1. oder 2. Januar, wat fairerweis jo souwisou keng all ze grouss Zäitspan ass. Stand aktuell kann et also weiderhi sinn, dass sech ronderëm Silvester selwer lues a lues ufänkt, eppes ze doen.