Ausbléck: Huet de Schnéi dëst Joer nach eng Chance?

Elo wou d'Temperaturen erëm an den zweestellege Plusberäich klammen, freet een sech, ob de Schnéi dëst Joer iwwerhaapt nach eng Chance huet. D'Äntfert wäert den een oder anere nawell iwwerraschen.

Chancen bis Chrëschtdag mëttlerweil minimal

Wann een virun e puer Deeg nach dovu geschwat huet, dass tatsächlech kleng Chancen fir wäiss Chrëschtdeeg bestinn, dann war dat alles anescht wéi aus der Loft gezunn. Bis viru kuerzem hu verschidde Modeller ëmmer nach genee u Chrëschtdag en Ëmschwong op Wanter gesinn – an Tëschenzäit hu mir Gewëssheet, dass et wuel näischt gëtt, an awer bleift et spannend. Direkt no Chrëschtdag geet nämlech erëm e méi interessanten Zäitraum op, an dem eenzelne Modeller no e neien Abroch vu kale Loftmassen inkl. Schnéischauere net ausgeschloss ass. Dir mierkt: Dësen Artikel geet däitlech méi wäit wéi den 3-Dages-Beräich vun enger normaler Prognos eraus, mir spekuléieren elo also e bëssen, baséierend um momentane Modellstand (19.12.2022 – 23:10 Auer).

Wat soen d’Modeller? Chancen op Schnéi am Joer 2022 nach realistesch?

D’Joer ass geschwënn eriwwer, d’Zäit déi bis dohin am meteorologesche Sënn vergeet ass awer nach zimmlech “laang” – et ka sech nach esou vill doen. Mir haten eis jo ugekuckt, dass et elo an dëser Woch méi lefteg an onbestänneg gëtt. Eng grouss Schold dodrun huet den Jetstream a Kombinatioun mat enger Westwiederlag. Dës Westwiederlag soll bis Enn Dezember unhalen, a virun allem den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent domat, dass een vun dëser Westwiederlag ausgeléist Déifdrockgebitt d’Dier fir fiicht a wanterlech kal Loftmassen erëm kéint opmaachen.


D’Berechnungen vum GFS fir den 30. Dezember | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Et wier wuel keen Dauerzoustand wann et geschitt, an awer hätte mir kuerzzäiteg erëm Wanterwieder mat nidderegen Temperaturen an och der Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren. Eppes Grousses ass zwar elo an der Mëttelfrist net an de Kaarten dran, an awer ass den amerikanesche Modell mat tëscht 2 a 4 cm Schnéi an enger Zäitspaan vum 27. Dezember bis Neijoer ënnerwee.

Zu enger éischter spekulativer Aschätzung zielt net nëmmen een eenzege Modell, an dofir musse mir eisen europäeschen ECMWF dobäihuelen. Dëse rechent de Moment bis de 29. Dezember a gesäit déi Iddi mat de “neie” wanterlechen a kille Loftmassen e bësse méi zréckhalend. D’Grousswiederlag ass awer déi selwecht: Fir den 28. Dezember, eppes éischter wéi de GFS, rechent de Modell mat engem oder zwee Randdéifer, déi vun de britteschen Inselen hier iwwer d’Nordséi a Richtung Polen zéien.


D’Berechnungen vum ECMWF fir den 28. Dezember | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Duerch dës Beweegung géifen, esou wéi den amerikanesche Modell et och gesäit, kill Loftmassen a Richtung Süden transportéiert ginn. Den Ënnerscheed: De Modell rechent dat Ganzt e gutt Stéck méi wäit ëstlech wéi den amerikanesche GFS. An dësem Fall hei géif et bei eis zwar och erëm méi kal ginn, dat mat Frascht an de Nuechten – déi richteg Keelt awer, inkl. Schnéi, wier dann méi iwwert der Osthallschent vun Däitschland esouwéi iwwer Polen an Tschechien ze fannen.

De Fazit

Mir wobbelen also nach e bëssen hin an hier. A Saache Wanter ass d’Joer 2022 awer nach net grad gelaf, eis kéint tatsächlech nach déi eng oder aner kleng Iwwerraschung ustoen. De grousse Wanterabroch wäert et wuel net sinn, mee op mannst kuerzzäiteg kënnen eis déi waarm Temperature vun de Moment wuel awer erëm Äddi soen. Et däerf een also op dee Moment gespaant sinn, wou dëse spekulative Beräich an de vertrauleche Kuerzfristberäich rëtscht.