Ausbléck: Iwwermuer éischte Schnéi an Däitschland, a bei eis?

Eng Loftmassegrenz suergt vum Freide bis de Sonnden inclus fir d'Warscheinlechkeet vum éischte Schnéi an Däitschland, an domat sinn net d'Alpen gemengt. Och Lëtzebuerg kéint vun enger gerénger Chance profitéieren.

Eng Loftmassegrenz als Ausléiser

De Weekend iwwer geréit haaptsächlech d’Nordosthallschent vun Däitschland ënnert den Afloss vu polare Loftmassen, dat deels mat ëm -10 Grad an enger Héicht vun 1,5 Kilometer. Op de Buedem iwwerdroe geet dat labber duer fir den éischte Schnéi, virausgesat et soll parallel dozou zu Nidderschléi kommen. De Samsde beweegt sech dës Loftmassegrenz a soumat och déi kill Polarloft weider a Richtung Mëtt vun Däitschland an erstreckt sech dann vun Tschechien aus bis un d’Nordséi. Dat soll esou laang goe, bis de Sonnden eng Kalfront aus Westen erabrécht an zousätzleche Nidderschlag mat séch bréngt. Kéint Lëtzebuerg vun dëser Situatioun profitéieren?


D’Situatioun vun der Loftmassegrenz um spéide Freidenowend, ICON | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Schnéi iwwer Däitschland

Vun de Loftmassen hier passt d’Situatioun also vum Freiden un iwwer Däitschland, mee wéi ass et mam Nidderschlag? Wéi et bei enger Loftmassegrenz esou typesch ass, forméeire sech an dësem Beräich och Nidderschléi. Dass et zu den éischte Schnéischauere vun der Saison kënnt, ass also als warscheinlech anzestuufen. Vum fréie Freidemoien un rechent den däitsche Wiedermodell ICON déi éischt vereenzelt Schnéischaueren iwwer Mecklenburg-Vorpommern, Brandenburg & fläit esouguer iwwert dem Süde vu Berlin. Am Laf vum Dag kënne sech déi éischt wanterlech Nidderschléi weider an de Süde virubeweegen, wouduerch et och a Sachsen-Anhalt, Thüringen, dem ëstleche Niedersachsen an och zu Sachsen dozou komme kann.


Déi viraussiichtlech Situatioun am Freidenomëtten | Grafik: wxcharts.com

Um Samsde selwer ass laut dem ICON Modell besonnesch eng Sträif vum südleche Sachsen iwwer Thüringen, Nordhessen, Süd-Niedersachsen an eventuell och dem nordëstleche Nordrhein-Westfalen ze erwaarden, un där et zu Flacke komme kann. Den europäesche Modell ECMWF ass beispillsweis e gutt Stéck méi optimistesch wann et drëm geet, den éischte Schnéi bis eriwwer op Essen (NRW) ze kréien. Niewebäi ginn fir de spéidere Samsdenowend erëm weider Schnéischauere berechent, déi sech vun der Ostséi hier a Richtung Nordostdäitschland breet maachen.


Déi viraussiichtlech Situatioun am Samsdevirmëtten | Grafik: wxcharts.com

E Sonnden brécht aus dem Westen eng Kalfront an d’Land eran, déi virun allem op de méi héich geleeëne Punkten (ab 500 Meter) déi éischt eenzel Flacke brénge kéint. Dovun ass elo keng Géigend haaptsächlech betraff, et bezitt sech am Allgemengen op den Aflossberäich vun der Front (also och z.B Deeler am Süden, wéi Baden-Württemberg & Bayern). Am Virfeld vun dëser Front kann et awer dem europàeschen ECMWF no nach ee Beräich ginn, an deem et zu Schnéifall kënnt. Dozou zielen Niedersachsen, Sachsen-Anhalt, Brandenburg, Berlin an esouguer erëm Mecklenburg-Vorpommern & Schleswig-Holstein.

A wéi ass et mat Lëtzebuerg?

Et steet nach net all ze laang an de Modellrechnungen, an awer gëtt et eng minimal Chance, dass Lëtzebuerg vun där ganzer Situatioun profitéiere kéint. Bis de Samsden inclus gëtt et wuel quasi sécher näischt, mee duerch d’Kalfront, déi de Sonnden aus Westen erabrécht, kéint et op den allerhéchste Koppen entweder fir déi eng oder aner Flack oder awer och fir Schnéireen duergoen. Wärend enger kuerzer Zäit sollen d’Temperaturen op 1,5 Kilometer Héicht op bis ëm -3 Grad zréckgoen. Kënnt et simultan zu Nidderschléi, da kann et op Koppen déi op ëm 500 Meter an driwwer leie wuel zu Schnéireen kommen.


Modeller wéi den GFS & ECMWF gesi keng 0%eg Chance op déi éischt vereenzelt Flacken zu Lëtzebuerg | Grafik: wxcharts.com

De momentane Stand ass also deen, dass de Sonndemoien tëscht 7 an 12 Auer op den héchste Koppe vum Land déi éischt Flacken ënnert dem Reen méiglech sinn. Et sinn zwar nach 4 Deeg bis dohin, et kann also nach zu Ännerunge kommen – Stand aktuell ass et awer näischt, wat der Onméiglechkeet gläichzestellen ass.