Ausbléck: Kalfront bréngt eis emol rem bësse Reen

Den Donneschde passéiert eis eng Kalfront. Iwwerdeems besteet esouguer e minimalen Donnerwiederrisk.

Reen dank Kalfront

No engem ënnerduerchschnëttlech naasse Februar si mir och zimmlech nidderschlagsaarm an de neie Mount Mäerz eragestart. Um Donneschde wäert eis eng Kalfront passéieren, déi eis endlech mol erëm e bësse Reen liwwere wäert.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS ass an der Zäitspan vun elo bis an de spéide Freidenowend era mat tëscht 5 an 10 l/m² dobäi, dat meescht dovu soll méi an der Südhallschent vum Land erofkommen. Den europäeschen ECMWF ass mat tëscht 3 a 6 l/m² dobäi a gesäit de Reen méi laanscht den Osten a Nordoste vum Land.


De Reen bis de Freiden inlcus, berechent vum amerikanesche GFS | Grafik: wxcharts.com

De franséischen ARPEGE rechent mat tëscht 2 a 5 l/m². Am Südoste mee och am Nordweste gëtt vun dësem Modell de meeschte Reen gerechent. Zu gudder lescht dann och nach den däitschen ICON, dee mat sengen 1 bis 3 l/m² zimmlech konservativ ënnerwee ass. Dat meescht dovu soll am Nordosten erofkommen.

Hëlt een déi genannt Modeller da sollen an der Moyenne tëscht 2,75 a 6 l/m² bis an de spéide Freidenowend falen – dat meescht wäert duerch d’Kalfront souwisou schonn um Donneschden falen. De Freide soll gréisstendeels nidderschlagsfräi ausfale, genee wéi och de Mëttwoch vun haut.