Ausbléck: Keng all ze grouss Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus

An de nächsten Deeg gëtt d’Wieder zwar méi variabel, allerdéngs sollte bis de Mëttwoch nach keng all ze grouss Reequantitéiten ze erwaarde sinn.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis un de Schluss vun der genannter Zäitspaan mat Quantitéite vun tëscht 0 an 3 l/m². Dem Modell no soll et laanscht de Nordwesten, Norden a Nordosten am meeschte reenen.

Den europäesche Modell ECMWF ass och mat 0 bis 3 l/m² dobäi an ass och der Meenung, dass de Norde generell méi Reen ofkréie soll wéi de Süde vum Land. Haaptsächlech am Südweste soll et zimmlech dréche bleiwen.

De franséischen ARPEGE ass erëm zimmlech pessimistesch ënnerwee a rechent grad emol mat 0 bis 1 l/m². Den däitschen ICON gesäit dat ganzt änlech, just dass am äusserste Westen eventuell nach en zweete Liter méiglech ass.

Dës Woch wäerten d’Reequantitéite net all ze grouss ausfalen, mee mat Chance kéinte sech an der zweeter Wochenhallschent Situatiounen erginn duerch déi et op mannst lokal e bësse méi reene kéint. Mol kucken.