Sou lues deet sëch eppes an op de Wiederkaarten. De Wanter kënnt a klenge Schrëtt op eis duer.
Zouhuelend wanterlëch
Wéi an der vergaangener Woch betount, huet sëch bei eis däitlech méi kaalt Wieder breetgemaach. Daat haaptsächlech an de Nuechten, wou och an Zukunft mat Buedemfrascht a lokal glaate Stroosse gerechent muss ginn. Schnéi sollten mir awer nach keen ze gesi kréien. Bis ëmt de 15. November erwaart eis typëscht Novemberwieder mat kille Nuechten an nët all ze killen Temperaturen daagsiwwer, virun allem laanscht d’Musel. An där Zäit kënnt ët och meechtens nët zu Nidderschléi a wann, dann just wéinëg.
Ab engem Zäitpunkt, sou zwëschent dem 11. an 15. November dorëmmer, fänkt ët un a Saache Wanter interessant ze ginn. Wiedermodeller berechnen ëmmer méi den Zoufloss vu kaale polare Loftmassen. Dëst géif bedeiten, dass eis Temperaturen och daagsiwwer nachengkéier ë bëssen zréckginn. An de Nuechten wier demno weiderhin mat Buedemfrascht oder och glaate Stroossen ze rechnen. Genau während dem Antreffen vun de kille Loftmassen, ginn ët och ëmmer rëm Signaler op Nidderschléi. Opgrond vun den meechtens déiwen Temperaturen kéinten dës dementspriechend als Flacken eroofkommen. Sëcher ass dëst nët ganz, mee virun allem vir Géigenden ab enger Héicht vu 450 Meter iwwert dem Mieresspigel erschéngt daat als nët onméigleg.
De Wanter kënnt, daat ganz sëcher. Ët ass de Moment awer nach ëmmer nët ganz genau gewosst, wéini. Den éichte Schnéi oder zumindest déi éicht Flacken kann een den aktuelle Modellrechnunge no sou ab dem 14. November op den héchste Koppen am Land als wahrscheinlech astufen. Ob och eppes vir de Süden oder méi niddrëg Géigenden dobäi ass, muss ofgewaart ginn. Interessant gëtt ët a nächster Zäit awer op alle Fall. Elo ass d’Zäit vir Wanterpneuen definitiv do.