Ausbléck: -10 Grad an drënner & erëm bësse Schnéi ze erwaarden

Eis areechen an de nächsten Deeg polar Loftmassen, déi eis Temperature staark no ënnen drécke wäerten. Och e bësse Schnéi kann dobäi erëm erofkommen.

Grousswiederlag

Duerch e grousst Déif iwwert dem nërdleche Russland, e staarkt Héich iwwer Grönland an e klengt Déif mat sengem Kär knapp südwestlech vu Lëtzebuerg ginn an de nächsten Deeg klirrend kill Loftmassen an eis Géigende gelenkt. Besonnesch an de Nuechte sinn deels zweestelleg Minusgraden ze erwaarden. Zäitweis ergëtt sech och d’Chance op e bësse Schnéi. Kuckt ee sech déi momentan Simuléierung vum amerikanesche GFS bis Mëtt Februar an driwwer eraus un, da kéint et ënner Ëmstänn sinn, dass dëst bis dohin net sou staark ännere wäert.

Schnéiwarscheinlechkeet um Méinden

Schonn an der Nuecht op de Méinde geet d’Schnéiwarscheinlechkeet an d’Luucht. Knapp westlech vu Lëtzebuerg läit e klengt Déif, wat kill mee och fiicht Loftmassen unzitt. Sou soll et, jee no Modell, bis muer de Mëtten/spéidere Nomëtten zu geréngfügegem Schnéifall kommen. Den europäeschen ECMWF rechent mat tëscht 0,5 an 3 cm Neischnéi, och dem GFS no wieren op de Koppe bis zu 3 cm méiglech. Déi méi niddrëg geleeë Géigende géife mat quasi näischt bis hin zu engem dënne Flom dovukommen. Egal wéi, schnéitechnesch schéngt dës Situatioun keng all ze relevant ze ginn.


Esou kommen déi kill Loftmassen op Lëtzebuerg | Animatioun: wxcharts.com

Dauerfrascht mat deels ënner -10 Grad

Duerch déi polar Loftmassen, déi sech iwwert eise Käpp etabléieren, gëtt et och bei eis um Buedem e gutt Stéck méi kal. Um Méinde ginn dagsiwwer nach Maximaltemperature vu -1 bis 3 Grad areecht, an der Nuecht op den Dënschde resp. um fréien Dënschdemoie ginn d’Temperaturen op tëscht -8 a -4 Grad zréck. Eenzelne Modeller no kann et am Dënschdevirmëtten esouguer nach ofkillen, tëscht -6 a -12 Grad wieren dann net ausgeschloss. Am weidere Verlaf vum Dag géife mir bei -8 bis -4 Grad verweilen, bei enger Partie Wolleke bleift et meeschtens dréchen. An der Nuecht op de Mëttwoch si Minimaltemperature vun tëscht -4 a -10 Grad ze erwaarden. Am Mëttwochnomëtte klammen se erëm op -5 bis -2 Grad, an der Nuecht op den Donneschde ginn d’Wäerter op -7 bis -12 Grad zréck. An der Nuecht drop an och um Freide wier mat änleche Wäerter ze rechnen. Et ass also mat Dauerfrascht ze rechnen.