Ausbléck: Knapp -10 Grad! Weider batterkal Nuechten méiglech

An der vergaangener Nuecht ass den Thermometer zimmlech wäit an de Keller gaangen, virun allem am äusserste Norden. De Weekend iwwer kann et ëmmer erëm dozou kommen.

D’Grousswiederlag

Et ass mëttlerweil e richtege Wanterabroch deen mir hunn, ouni awer, dass wierklech vill Schnéi bei eis erofkënnt. Am meeschte mierkt een et bei eis duerch déi niddereg Temperaturen, déi sech virun allem iwwert de Weekend duerchgesat kréien.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmassen bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Verantwortlech dofir as en Déifdrockgebitt, wat vum Mëttelmierraum/dem Alperaum aus a Richtung Russland zitt. Ënnerstëtzt gëtt dat Ganzt duerch liichten Héichdrockafloss iwwer Skandinavien an zolittem iwwert dem Nordpolarmier. Duerch dës Konstellatioun ginn eis äiseg Loftmassen aus dem héije Norden zougespillt, déi sech bei eis virun allem an de Nuechten bemierkbar maachen.

Réckbléck an Ausbléck

An der vergaangener Nuecht hat et schonn gutt ofgekillt. Am keelste war et un der ASTA-Statioun zu Breedelt, wou den Thermometer géint 01 Auer bei -9,1 Grad ugewisen hat. Déi zweet Plaz deele sech zwou ASTA-Statiounen: Zu Schëmpech an zu Waldbëlleg goufe -6,5 Grad gemooss. Fir de Rescht louchen d’Wäerter duerch d’Land verdeelt bei tëscht -4 a -6 Grad.

An der Nuecht op den Donneschde ginn d’Wäerter op tëscht 0 a -4 Grad am Norden zréck, an der Südhallschent si mir bei -2 an 2 Grad ënnerwee. An der Nuecht op de Freiden gi nach eng Kéier änlech Wäerter erreecht.

Deels erëm -7 Grad an drënner

Eng méi markant Nuecht gëtt viraussiichtlech déi op de Samsden. Den europäesche Wiedermodell rechent groussflächeg mat tëscht -8 a -6 Grad, dem amerikanesche Modell no kënnen och erëm -9 Grad gemooss ginn. Duerch lokal Ëmstänn kann een insgesamt soen, dass och eng -10 Grad net ausgeschloss wieren. Aus momentaner Siicht gesinn géif d’Nuecht op de Sonnde just e klengen Tick méi mëll ausfalen.


Déi berechent Minimaltemperaturen fir d’Nuecht op de Samsden | Grafik: wxcharts.com

An dagsiwwer?

Natierlech hunn déi polar Loftmassen och en Afloss op d’Temperaturen am Dag. E Freide wiere mir beispillsweis mat tëshct -3 an 1 Grad ënnerwee an e Samsde mat -2 bis 0 Grad, ier et e Sonnden mat 0 bis 4 Grad erëm e Stéckche méi mëll géif ginn.