Ausbléck: Kommen d’Summertemperaturen aus Frankräich och op Lëtzebuerg?

Dat ugekënnegt méi onbestännegt Wieder ass do. Elo ass an Tëschenzäit och kloer, a wéi eng Richtung sech eis Temperature beweege wäerten.

“Reen a Bou – Op Schratt an Tratt mam Wieder” um Radio 100,7 vum 14.10.2022:


An der Wiederkichen ass an de leschten Deeg a Woche net all ze vill geschitt, op mannst mol wann ee vu Lëtzebuerg schwätzt. Zanter enger Woch ass awer gewosst, dass et méi gro an och méi naass gëtt – wat ebe vun elo un de Fall ass. Wéi et viru geet an ob mir wierklech nach eng Kéier Spéitsummer kréie, seet eis elo de Philippe Ernzer. Gudde Moien.

Aus dem neisten Episod vu “Reen a Bou” um Radio 100,7:

Den Hierscht ass zwar do, an awer héiert een de Moment villes iwwert e méigleche “Spéitsummer”. Wat ass drun?

Wann een d’Wuert “Spéitsummer” héiert, kéint een fläit mengen, mir kéinten elo erëm déi kuerz Saachen aus dem Kleederschaf huelen oder erëm an de Pool sprangen. Dorënner sollt ee sech awer net all ze vill virstellen. Et ginn tatsächlech Géigenden um Kontinent, wou et nach eng Kéier wierklech summerlech gëtt – mee éischter net zu Lëtzebuerg. Et gëtt zwar méi waarm, mee vu wierkleche Summertemperature sollte mir dem momentane Stand no awer e Stéck ewech bleiwen.

Wou kënnt déi waarm Loft op eemol hier? A wéi waarm gëtt et wierklech?

Obwuel mir zwar schonn Hierscht hunn, leien iwwert dem Mëttelmierraum mee virun allem och iwwert dem Norde vun Afrika ëmmer nach méi waarm bis hëtzeg Loftmassen. Et muss also einfach nëmmen déi richteg Konstellatioun an de Wiederkaarten zesummekommen, fir dass och nach ëm dës Joer méi waarm Loftmassen an eis Géigenden transportéiert ginn. A Spuenien ginn elo schonn Temperature vun tëscht 25 an 30 Grad gemooss – dës Wiermtblos wäert sech awer vum Weekend un och iwwert de Süde vu Frankräich verlageren. Vu muer un sinn Temperature vun tëscht 25 a 27 Grad ze erwarden, eventuell kéint de Sonnden esouguer un de 29 Grad gekrazt ginn.


D’Grousswiederlag fir den Ufank vun der nächster Woch | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Grond fir dëse Virstouss u waarme Loftmassen ass eng Déifdrockzon iwwert dem Atlantik an héije Loftdrock iwwert eisem Kontinent. Duerch d’Stréimungsmuster ginn déi waarm Loftmassen aus dem déiwe Süden a Richtung Norde geschëppt.

Duerch dës Beweegung missten dës Loftmassen also och iergendwann bei eis zu Lëtzebuerg ukommen?

Genee, an dat maachen se och. Just soll een awer drun denken, dass déi Loftmassentemperatur, déi de Moment iwwer Spuenien an och Südfrankräich läit, bei eis net déi selwecht Auswierkunge wäert hunn. De Grond dofir ass deen, dass duerch d’Joreszäit bedéngt net méi dat vollt Potenzial vun der Loftmassentemperatur kann ausgenotzt ginn. Hätte mir elo beispillsweis ëmmer nach Juli, a mir kriiten déi selwecht Loftmass wéi déi, déi eis elo usteet, da géife mir labber erëm un den 30 Grad krazen.

Temperaturen, déi et op 30 Grad packe, sinn dës Kéier also quasi ausgeschloss.

Zu Lëtzebuerg klammen d’Temperaturen elo vu muer un, et ass mat Maximalwäerter vun tëscht 15 an 18 Grad ze rechnen. E Sonnden gëtt et mat 16 bis 19 Grad schonn e bësse méi waarm. Iwwer 20 Grad sollte mir dann erëm de Méinden hunn, do läit déi berechent Temperaturspaan nämlech tëscht 19 an 22 Grad. Vum Dënschden un, an fläit esouguer bis Enn der nächster Woch, kéinte sech d’Temperaturen dagsiwwer tatsächlech tëscht 15 an 20 Grad halen. Et wier also definitiv eng Phas, an där et iwwerduerchschnëttlech waarm wier.

Wéi ass et dann mam Reen? Dëse Weekend soll et jo méi naass ginn, begleet eis dat dann och duerch déi méi waarm Zäit?

Fir den Ufank mol nach, jo. Et gëtt jo elo vu muer u méi waarm, zur selwechter Zäit leie mir awer genee tëscht héijem an déiwem Loftdrock. Doduerch leie vill Wolleken iwwert eis, déi eis ëmmer erëm Schauere bréngen. Den Dag, mat der geréngster Schauerwarscheinlechkeet elo de Weekend, ass de Sonnden.

Ufanks der nächster Woch soll och nach eng kleng Warscheinlechkeet vu Schauere bestoen, ier se dann awer bis ongeféier an déi zweet Hallschent vun der Woch sollt zimmlech niddereg bleiwen. Et gëtt also wuel tendenziell méi dréchen, iwwerdeems den Duerchschnëtt vun de Maximaltemperaturen am Dag bei knapp ënner 20 Grad bleiwe sollt.


De Prabbeli gëtt am Laf vun der nächster Woch also net méi esou dringend. Merci Philippe Ernzer fir d’Aussiichten a bis de Méinden.