Ausbléck: Lëfteg bis stiermesch Aussiichten fir d’Nuecht op de Sonnden

E groussen Déifdrocksystem, deen westlech vun de britteschen Inselen läit, schéckt eis de Weekend e Randdéif op Lëtzebuerg. D’Modeller hunn deels och méi stiermesch Léisunge parat.

Advertisement

D’Situatioun

De Weekend iwwer läit e groussen Déifdrocksystem knapp westlech vun de britteschen Inselen. U senger südlecher a südwestlecher Flank entstinn ëmmer erëm kleng Randdéifer, déi op Mëtteleuropa ausgräifen. Genee esou en Zenario gëtt de Moment fir d’Nuecht op de Sonnde berechent.

Et kéint stiermesch ginn

Wat déi genee Wandvitessen ugeet, schwätzen d’Modeller nach keng eendeiteg Sprooch. Dass de Wand awer am Generellen zimmlech spierbar gëtt, doriwwer si se sech eenz. Nodeems de ganze Samsden duerch schonn Spëtzte bis ëm 50 km/h kënnen optrieden, rechent den amerikanesche Modell vum spéideren Owend un mat stiermesche Wandspëtzte vun tëscht 60 a 70 km/h. Virun allem a Richtung fréie Sonndemoien wiere virun allem op de Koppen Stuermstéiss bis 80 km/h ze erwaarden.


D’Wandfeld, berechent vum europäesche Wiedermodell | Animatioun: wxcharts.com

Den europäesche Modell rechent vu Mëtternuecht un (Nuecht op de Sonnden) mat Stuermstéiss. Et gi Vitessen vun tëscht 60 a 70 km/h berechent, déi um fréie Sonndemoien och mol kënnen op gutt 80 km/h ausgräifen. De brittesche Modell UKMO ass mat Spëtzte bis 70 km/h ënnerwee, iwwerdeems den däitsche Modell ICON-EU fir déi meescht Géigenden einfach just e stramme Wand mat Spëtzte bis 55 km/h gesäit.

D’Entwécklung ass also nach e bëssen am Aen ze halen. Op alle Fall gëtt et e gudden Tick méi lefteg, woubäi och Stuermstéiss definitiv eng Optioun sinn.