Ausbléck: Lefteg bis stiermesch Situatioune ginn erëm en Tick méi warscheinlech

Duerch déi westlech Wiederlag, déi sech elo astellt, klëmmt a nächster Zäit och erëm d'Warscheinlechkeet vu méi leftegen Deeg. Stiermesch Entwécklunge sinn och net ausgeschloss.

Advertisement

Advertisement

Een Déif nom aneren

Doduerch, dass aus Westen een Déif nom aneren opgezu kënnt, gëtt et net nëmme méi naass, mee och de Wand kann zäitweis zouhuelen. Vun de Loftmassen hier ass kee nohaltege Wanterabroch méi ze gesinn, op d’mannst mol dem aktuelle Stand no.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Wandspëtzten bis en 12. Dezember | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den éischten Zenario, wou de Wand erëm e bësse méi spierbar ka ginn, ass vum Donneschdenowend bis an de Freiden eran. Et ass zwar näischt Weltbeweegendes, an awer kënne mol zäitweis d’Rolluede klapperen. E bësse méi groussflächeg lefteg ginn kann et an der Nuecht op e Sonnden, wou de Moment Spëtze vun tëscht 50 a 70 km/h berechent ginn. Dëst entsprécht zwar kengem Stuerm, stiermesch Wandstéiss wieren dat awer ëmmerhin. Eng nächst, änlech Phas, kéint eis vum Sonndenowend un ustoen – eppes grousses sollt dem neiste Stand no awer net draus ginn.

Duerch de ville Reen aus de leschte Méint sinn d’Biedem opgeweecht, verschidde Beem kënnen also schonn bei engem méissege Wandstouss hiren Halt verléieren an an d’Stroosse falen.