Ausbléck: Loftmassegrenz kann e Mëttwoch vill Reen bréngen

Duerch eng Loftmassegrenz sinn de Mëttwoch gréisser Reequantitéiten iwwert eiser Groussregioun méiglech. Och Donnerwieder kënne matwierken.

Eng Loftmassegrenz forméiert sech

De Mëttwoch drécke waarm Loftmassen aus dem Mëttelmierraum a Richtung Norden, iwwerdeems iwwert d’Nordséi kill Loftmassen vu Norden hier deem ganzen entgéintdrécken. Do, wou se uneneestoussen, forméiere sech gréisser Nidderschlagsgebitter, duerch déi gréisser Reequantitéiten erofkomme kënnen. Och Donnerwieder sinn dobäi méiglech. Dës Grenz soll sech dem Gros vun de Modeller no esou zimmlech iwwert der Mëtt vun Däitschland forméieren a sech och iwwer Nordfrankräich esouwéi BeNeLux zéien.


Schematesch Duerstellung vun der Loftmassegrenz a wéi se zustane kënnt | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Vu wéi enge Quantitéite schwätze mir?

Vun de “gängegste” Wiedermodeller hier ass den amerikanesche Modell GFS deen, deen et nach am entspaantsten gesäit. Bis an de fréien Donneschdemoien era soll et dësem no nämlech “nëmmen” zu 8 bis 15 l/m² Reen kommen. Den europäeschen ECMWF ass dogéint awer en däitleche Kontrast: e berechent fir de selwechten Zäitraum nämlech tëscht 20 a knapp iwwer 40 l/m². De Modelllaf vun haut de Moie vum däitschen ICON gesäit och dës Quantitéiten, tendenziell awer méi iwwert der Mëtt vum Land bis an de Süden eran. De franséischen ARPEGE ass sou zimmlech iwwerall mat 20 bis 30 l/m² ënnerwee.


D’Reequantitéite bis de fréien Donneschdemoien, berechent vum europäeschen ECMWF | Grafik: wxcharts.com

Wann ee just vun den ausgewielte Wiedermodeller ausgeet, sinn also wärend der naasser Period duerchschnëttlech tëscht 17 an 30 l/m² ze erwaarden. D’Situatioun ass nach net komplett an dréchenen Dicher – nach besteet och eng (manner warscheinlech) Optioun, dass d’Reegebitt e Stéck méi wäit südlech duerchzéie kéint. Météo Boulaide bleift souwisou fir Iech um Ball.