Hiweis: Markant Situatioun duerch gréisser Reequantitéite méiglech

De Weekend iwwer kéint d’Wieder méi interessant ginn wéi et op den éischte Bléck ausgesäit.

Gréisser Reequantitéite méiglech

Wéi gesot, sti mir de ganze Weekend iwwer ënner Déifdrockafloss. Kuckt ee sech dat vun uewen op de Kaarten un, da gesäit dëst scho méi aus wéi ee ganzen Déifdrockkomplex. Haut um Freide läit een Déifdrockkär vun dësem “Komplex” iwwert der Nordséi resp. Deeler vun der Belsch an deen anere Kär iwwert der Ostséi. De Kär iwwert dem Weste verschwënnt an der nächster Nuecht, deen iwwert der Ostséi wandert a Richtung Dänemark. Genee zu dësem Zäitpunkt soll aus den Alpen eraus e weideren Déifdrockkär entstoen, dee mat enger uerdentlecher Luedung Reen virdéischt iwwert den Oste vun Tschechien zéie soll an um fréie Samsdemoien iwwer Polen läit.

Animatiounen: wxcharts.com

Duerch d’Dréibeweegung géint d’Auer, wat bei Déifdrockgebitter op der Nordhallefkugel jo normal ass, soll dëst Nidderschlagsgebitt eng Kéier am Bou iwwert d’Nordhallschent vun Däitschland zéien an um spéidere Samsdenowend resp. fréie Sonndemoien och an eiser Groussregioun ukommen. Wéi vill Reen wierklech dobäi erofkomme wäert, ass elo nach net kloer, well villes vun der exakter Positioun vum Déifdrockkär ofhänkt. Den amerikanesche Modell GFS gesäit de Kär an der Nuecht op e Sonnde genee iwwert der Mëtt vun Däitschland, den europäesche Modell iwwer Nordrhein-Westfalen (änlech wéi de franséischen ARPEGE-Modell). Och den däitsche Modell ICON rechent domat, dass de Kär um spéidere Samsdenowend eng Kéier vum äusserste Nordweste vun Däitschland erof laanscht d’Grenz zu Holland/Belsch zitt an um fréie Sonndemoien eventuell esouguer genee iwwer Lëtzebuerg leie kéint.

Egal wéi et a Punkto Quantitéiten am Endeffekt ausgeet, steet wuel en immens hierschtleche Weekend un.