Ausbléck: Markante Kalfrontduerchgang & stiermesche Wand méiglech

No enger schwaacher Kalfront, déi en Donneschden iwwer Lëtzebuerg ewechsträift, kéint eis de Weekend en däitlech méi turbulente Kalfrontpassage ustoen – Reen a stiermesche Wand inclus.

Advertisement

D’Situatioun

D’Héichdrockwieder geet, wéi gesot, an d’Verlängerung. Wier et de Modellrechnunge vu virun enger Woch nogaangen, dann hätte mir et schonn muer mat engem däitlechen Ëmschwong ze di kritt. Dëst ass awer elo net de Fall, bis de Mëttwoch inclus ännert sech mol nach net all ze vill un eisem Wiedergeschéien.

Wat awer geschéie wäert ass folgendes: Iwwerdeems d’Wieder heiheem esou roueg ass, läit e groussen Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik. Dëse Komplex schleeft eng laang Kalfront hannert sech hin, déi eis en Donneschde wäert sträifen. Et gëtt keen typeschen Duerchgang vu West no Ost, mee se schrammt méi oder manner “horizontal” iwwer BeNeLux ewech. Och wann doduerch d’Temperature liicht zréckginn an och mol geréngfügeg Nidderschléi kënnen optrieden, sinn d’Auswierkungen elo awer net wierklech markant.


Wéi déi méi schwaach Front an duerno déi méi aktiv Front iwwer Mëtteleuropa kënnen ewechzéien | Animatioun: wxcharts.com

Nodeems mir et mat dëser schwaacher Front ze di kruten, forméiert sech südlech vun Island e weidert klengt Déif, wat mat an dëse groussen Déifdrockkomplex erageschleust gëtt. Bis e Samsde wäert et de skandinavesche Raum erreechen a schéckt eis op e Neits eng Front op Lëtzebuerg, déi dës Kéier awer e gudden Tick méi markant kéint ausfalen. Dem europäesche Modell no kéint sech iwwert dem Südweste vu Frankräich esouguer nach en Déif ausbilden, wat dat ganzt ëmsou méi interessant géif maachen, mee elo mol der Rei no.


De Samsdemëtten aus aktueller Siicht vum europäesche Wiedermodell gesinn | Grafik: wxcharts.com

De Verlaf

Wéi gesot, verleeft de Mëttwoch mol nach zimmlech roueg. Et gëtt méi wollekeg, mee de Reen hält sech mol nach wäitgoend zréck. Dëse gëtt eréischt vun de fréie Stonne vum Donneschden un no a no méi interessant, well eis jo dann déi ugeschwat méi schwaach Front méi no kënnt. Dohier wäerten en Donneschden däitlech méi Wolleken ënnerwee sinn, déi eis hei an do mol eng schwaach Schauer kënne bréngen. De Wand gëtt och liicht méi spierbar, huet mat Vitesse bis ëm 50 km/h awer elo net de gréissten Impakt. D’Reenzomme wäerten iwwerkuckbar sinn an d’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 16 an 18 Grad.


Déi viraussiichtlech akkumuléiert Reequantitéiten bis en Donneschdenowend laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

E Freide gëtt erëm e méi rouegen Dag, dat mat engem Sonn-Wollekemix a fir d’Joreszäit vill ze héich Temperaturen am spéitsummerleche Beräich. Dëst ass awer net méi vu laanger Dauer, well dann déi besot zweet, méi aktiv Front, vu Westen hier erandréckt. Den Zäitpunkt vun der Ukonft läit tëscht dem fréie Samsdemoien an dem Samsdemëtten. Dem europäesche Modell no sinn aus aktueller Siicht gesinn tëscht 5 an 10 l/m² Reen méiglech, den amerikanesche Modell GFS ass mat tëscht 2 an 12 l/m² ënnerwee – am Nordwesten dat meescht, am Südosten dat mannst. Dem selwechte Modell no sinn vun de fréie Moiesstonnen u bis an de Virmëtten era stiermesch Wandstéiss bis 65 km/h ze erwaarden, den europäesche Modell rechent déi méi spierbar Wandvitessen eréischt vum spéidere Virmëtten un bis an de Nomëtten eran.


Déi viraussiichtlech akkumuléiert Reequantitéiten bis e Samsdenowend laut ECMWF-Modell | Grafik: wxcharts.com

D’Bild wat sech ergëtt ass also, dass sech am Laf vum Freide schonn lues a lues bemierkbar mécht, dass eppes ännert. Den eigentleche Changement soll dann tëscht dem fréie Samsdemoien an dem Virmëtte stattfannen, wou d’Kalfront mat Reen an och strammem bis stiermeschem Wand iwwert eis ewechzitt. Zäitweis schéngt et also e bësse méi ruppeg dobaussen ze ginn, eng Onwiederlag oder änleches sollt awer net draus ginn. Mir halen dat Ganzt awer op alle Fall mol am Aen.