Ausbléck: Markanten Temperaturréckgang ass um Wee

Och de neiste Modellrechnunge no steet eis geschwënn e markanten Temperaturréckgang un, dat ëm deels 10 Grad.

Advertisement

D’Wiederlag stellt sech ëm

De Moment profitéiere mir vum “leschte” Stouss un héichsummerleche Loftmassen, deen duerch en Déifdrockgebitt iwwert de britteschen Inselen esouwéi héije Loftdrock iwwert dem südëstlechen Europa ausgeléist gëtt. Dëse Konstrukt fällt an de nächsten Deeg awer zesummen, well d’Déifdrockgebitt sech méi wäit an den Osten verlagert a sech ausbreet. D’Zoufuer u waarme Loftmasse gëtt ënnerbrach, aus Nordwesten drécken däitlech méi kill Loftmassen eran. Dëst wäert, aus aktueller Siicht gesinn, fir en Temperaturréckgang vun ëm 10 Grad am Dag suergen.

De Verlaf

Iwwer Nuecht kënnt dësen Temperaturréckgang awer net. Muer gi Maximaltemperature vun tëscht 25 an 28 Grad erreecht, kann allerdéngs variiéieren duerch d’Verdeelung vun de Wolleken an och de potenziellen Schaueren an Donnerwieder. Fest steet awer, dass déi waarm Loftmass ëmmer nach iwwert eise Käpp hänkt. E Freide geet et dann mam Réckgang un, duerch deen dann nach Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad ze erwaarde sinn. Dëst ass nach net “dramatesch”, mee awer en Ënnerscheed.


D’Loftmassen iwwert eise Käpp a wéi se ëmmer manner waarm ginn | Animatioun: wxcharts.com

E gréisseren Ënnerscheed mécht de Samsden: Déi waarm Loftmasse sinn an der Nuecht a Richtung Osteuropa verdrängt ginn, wouduerch d’Temperaturen am Nomëtten e Maximum vu just nach 17 bis 22 Grad erreechen. E Sonnde geet et mat 16 bis 21 Grad virun a bis Mëtt der nächster Woch soll sech net all ze vill drun änneren. Zwar ginn et an de Modeller nach e puer ënnerschiddlech Meenungen (deemno wéi sinn och nach méi niddereg Wäerter méiglech), den Trend weist awer alle Berechnunge no däitlech no ënnen (am Zäitraum vun elo bis ongeféier an enger Woch).