Déiwe Loftdrock iwwer Südwesteuropa an e massivt Héichdrockgebitt iwwert eise Käpp fungéieren de Moment wéi eng richteg “Wiermt-Pompel”. Ënnert dëser Stréimung sinn awer net nëmme waarm Loftmassen, mee och Saharastëbs.
E Bonjour aus Afrika
De groussen Déifdrocksystem, deen de Moment knapp westlech vu Portugal seng Kreeser dréint, hëlleft net nëmmen déi waarm Loftmassen erëm an eis Géigenden ze transportéieren. Mat dobäi ass och Saharastëbs, deen sech virun allem iwwer Spuenien, Frankräich an och de britteschen Inselen wäert breetmaachen.
Duerch d’Verlageren vun der Grousswiederlag am Laf vun der Woch wäert och e klengen Deel dovun op Lëtzebuerg iwwergräifen, wat bedeit, dass och mir heiheem de Stëbs a geréngfügeger Form ze beobachten kréien. Stellt Iech also schonn mol op e puer dreckeg Fënsteren, Autosscheiwen an Diecher mat engem liicht gielzeche Flom an.
Eng e bësse méi schéin Konsequenz gëtt et awer och: Duerch de Stëbs an der Loft besteet erëm d’Warscheinlechkeet, dass d’Sonnenop- an Ënnergäng sech mat däitlech méi intensive Faarwen bei eis weisen.