Ausbléck: Mat der Wiermt kënnt och de Saharastëbs erëm

D’Stréimung dréint an de nächsten Deeg op Süd, wouduerch mir erëm e bësse Stëbs aus der Sahara ofkréie wäerten.

Erëm bësse Saharastëbs ze erwaarden

Bis haut um Dënschde louche mir ënnert enger gréisstendeels nordwestlecher Héichtestréimung, wouduerch éischtens méi kill an zweetens och zäitweis fiicht Loftmassen op Lëtzebuerg gezu koumen. An de nächsten Deeg dréint sech d’Situatioun awer ëm: en Déifdrockgebitt läit iwwert dem ëstlechen Atlantik, iwwerdeems mir et iwwert dem Kontinent mat héijem Loftdrock ze dinn hunn. Dëst féiert net nëmmen dozou, dass an dëser Woch nach dat summerlecht Wieder zréck op Lëtzebuerg kënnt, mee och, dass erëm e bëssen eppes u Saharastëbs ugeschwappt kënnt. Déi waarm Loftmasse komme nämlech och aus dem déiwe Süden.

Konzentratioun net all ze héich

De Saharastëbs ass definitiv um Wee, allerdéngs sollte keng esou eng héich Konzentratioune wéi an der jéngster Vergaangenheet méi opkommen. Déi héchst Konzentratioun wier um Freidemëtte mat grad emol 10 bis 100 mgr/m² ze erwaarden, iwwerdeems se iwwert dem Mëttelmierraum, Südfrankräich bis och iwwer Italien an esouguer den Alperaum bei tëscht 1000 an 2000 mgr/m² peake kann.


D’Stëbskonzentratioun iwwert de Weekend | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr

Dir mierkt, dës Konzentratioun aus wäit vun deem ewech, wat mir virun e puer Wochen haten. Vum Sonnden un sollt de Stëbs Lëtzebuerg erëm verloossen.