
Mir gerode lues a lues ënnert eng waarm südlech Stréimung, déi e Freidemëtten hire Maximum erreecht. Domat fannen awer net nëmmen d’Loftmassen de Wee op Lëtzebuerg, mee mat hinnen och de Saharastëbs.
Advertisement
Besuch aus Afrika
Änlech wéi d’lescht Joer schonn dauert et och dës Kéier net laang, bis mir zu Lëtzebuerg Besuch aus Afrika kréien. Wéi an de vergaangenen Deeg thematiséiert, baut sech momentan eng mëll bis waarm südlech Stréimung op, déi eis zumools e Freiden en Temperaturmaximum vun däitlech iwwer 20°C bréngt, fläit lokal esouguer 23°C. De Grond dofir ass deen, dass dann de Maximum vun der Wiermt-Zoufuer erreecht gëtt. Dëse stellt sech aus engem Déifdrockgebitt westlech vu Frankräich zesummen, iwwerdeems en Héichdrockgebitt iwwert der nordëstlecher Ostséi seng Kreeser dréint. Och iwwert dem südëstlechen Europa läit e weidert Héich, wat als zousätzlech Ënnerstëtzung fir déi iwwerduerchschnëttlech mëll Stréimung déngt.

Um Modell vun der National and Kapodistrian University of Athens gëtt et och immens däitlech, vu wou engersäits de Saharastëbs kënnt, mee och, wou den Uersprong vun eise Loftmassen ass. Fir Lëtzebuerg gi Konzentratioune vun ëm 3500 mgr/m² berechent, wat op alle Fall dofir duergeet, dass den Himmel méi dréif gëtt. Zousätzlech weise sech doduerch d’Faarwe vun de Sonnenop- an Ënnergäng däitlech méi intensiv wéi normalerweis. Saharastëbs weist sech an eise Géigende reegelméisseg, dat gouf et nach ëmmer. Et hänkt just ëmmer vun de Grousswiederlagen of, ob e säi Wee bis op Lëtzebuerg fënnt an och mat wat fir enge Konzentratiounen.
Vun e Samschden u wäert d’Konzentratioun just nach geréng sinn, wouduerch sech de Stëbs net all ze staark mat den Drëppse vum ugekënnegte Reen sollt vermëschen.