Ausbléck: Mat wéi vill Reen a nächster Zäit ze rechnen ass

D’Déifdrockgebitter kommen eis méi no, wat d’Chancen op Reen an eise Géigenden an d’Luucht dréckt. An dësem Artikel kucke mir eis un, wéi vill Reen déi eenzel Modeller fir déi nächst Deeg op eis duerkomme gesinn.

Advertisement

Mol erëm e bësse Reen

An de leschten Deeg hu mir et schonn gemierkt, dass de Reen sech schonn e bësse méi weist. Flächendeckend ass et bis ewell net gewiescht, mee méi lokal. Elo klëmmt d’Warscheinlechkeet fir déi nächst Deeg awer weider un – an et wier ze hoffen, dass d’Natur dësen och wierklech kritt.


Verlaf vum viraussiichtleche Nidderschlag bis Enn der neier Woch | Animatioun: wxcharts.com

De Verglach vun de Modellrechnungen

Tendenziell an der éischter Hallschent vun der neier Woch ass mat méi Schaueren ze rechnen. An der zweeter Hallschent kann et mol nach naass ginn, mee d’Schauere sollte net méi grad esou fréquent optrieden. A kuckt ee sech déi eenzel Modellrechnungen un, dann ass et zimmlech onwarscheinlech, dass näischt nennenswäertes erofkënnt.

Bis e Sonnden, 30. Juli 2023 rechent den europäesche Modell ECMWF mat tëscht 22 an 37 l/m², den amerikaneschen mat 20 bis 50 l/m². Déi zwee méi héichopléisend Modeller ICON-EU an ARPEGE rechnen zwar nach net esou wäit, mee bis Donneschdes/Freides kommen dem däitschen ICON no tëscht 25 a 40 l/m² erof an no dem anere sollen et 15 bis 30 l/m² sinn.

Immens optimistesch ass den GDPS-Modell, deen mat 25 bis 65 l/m² déi héchst Rechnung dobäi huet. Well dëst awer méi eng Aussenseiterléisung ass, ass dat déi manner warscheinlech Variant.