Ausbléck: Méi naass, méi waarem, méi lëftëg

Um Mëttwoch kréie mir nach e puer eenzel sonnëg Momenter ze gesinn, ier ab dem Donneschden d’Déifdrockgebitter d’Iwwerhand kréien. Et soll dobäi och mol méi lëftëg ginn, den een oder anere Modell rechent souguer mat Stuerm.

Méi naass, mee méi mëll

Bis haut um Mëttwoch huet sech héige Loftdrock bei eis breetgemaach. Haut erliewe mir en Iwwergangsdag, no a no komme méi Wollécken an d’Land eragezunn. Dëst läit dorunner, dass an de kommenden Deeg rem déiwe Loftdrock eist Wieder bestëmme wärt.

Haut um Mëttwoch ass et ufanks nach méi oft sonnëg, waat sech awer séier am Laf vum Dag ännert. Schon um Mëtte solle mierkbar méi Wollécken ënnerwee sinn, reene sollt et awer de ganzen Dag net. D’Temperature packen et op 4 bis 7 Grad, de Wand bléist nëmme schwaach aus Süde mat 25 km/h an de Spëtzten.

Ab dem Donnëschden ass et viraussiichtlech bis Enn der Woch gréisstendeels bedeckt, dobäi sinn ëmmer rem Schauere méigleg. Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no solle bis de Sonndënowend am ganze 25 bis ëm 40 l/m² eroofkommen. Den däitschen ICON rechent mat gréisseren Differenzen tëschent den zwee Modeller a simuléiert 20 bis 50 l/m². Als Schnéi wärten dës Quantitéite net eroofkommen: bei Werter vu 5 bis deelweis 10 Grad a liicht driwwer wärt sëcher alles als Reen eroofkommen. Eng Besserung soll et méiglegerweis ab dem Ufank vun der nächster Woch ginn – ob et sou kënnt wees awer nach keen. Bis dohinner ass et nach e bësse, soudass d’Modellrechnunge nach puer mol ännere kënnen.

Déifdrockafloss gett méi grouss (wxcharts.eu)

De geneeë Verlaaf vir déi nächst 3 Deeg fannt Dir am Détail ënnert dësem Link!

Lëftëg, potenziell Gefor vu Stuerm?

Ab dem Donnëschde soll et de Modeller no méi lëftëg ginn an eise Géigenden. Bemierkbar maache sollt sech dat aus aktueller Siicht gesinn ab dem Weekend selwer, wou an de Spëtzte mol ëm 75 km/h lokal net auszeschléisse wieren.

Wéi mir méi wäit uewen op der Säit gewuer gi sinn, ginn et nach gréisser Onsëcherheeten tëschent de Modeller. Waat de Wand ugeet si se am gréissten: Den amerikanesche GFS rechent ëmmer rem mat Situatioune, bei deene mir et mat Stuerm ze di kriite kéinten. Um Freide gëtt nämlech zäitweis mat ëm 80 km/h gerechent, um Sonndë kéint souguer un den 100 km/h gekraatzt ginn. Den däitschen ICON rechent an der Nuecht op de Samsde mat eenzelne Wandspëtzten ëm 75 km/h a gesäit de Stuerm, deen de GFS vir Sonndës bei eis rechent, südlech un eis laanschtrauschen. De franséischen ARPEGE ass och e bësse méi am Stuerm-Modus an ënnerstëtzt de GFS.

Ab dem Freide sëcher méi lëftëg (wxcharts.eu)

Opgrond vun de gréissere Spréng hin an hier, déi déi eenzel Modeller de Moment maache, sollt een dëst nach net zu 100 % eecht huelen. Am Laf vun de nächsten Deeg sollten d’Aussiichten däitlech méi kloer ginn, soudass eng verlässlech Prognos méigleg ass. Am Fall vun engem méiglege Stuerm wärt Météo Boulaide rechtzäiteg déi néideg Virwarnstufen aktivéieren. Entschärfe sech d’Modellleef rem, dann net. Et kann een awer de Fazit zéien, dass et vum Freiden un sëcher méi lëftëg wärt ginn.