Ausbléck: Méi waarm, mee och den Donnerwiederrisk an der Groussregioun klëmmt

D’News, dass et endlech méi waarm gëtt, huet gëschter immens vill Leit gefreet. Allerdéngs däerf ee sech dorënner elo kee bloen Himmel erhoffen: Iwwer Frankräich, BeNeLux an Däitschland klëmmt den Donnerwiederrisk.

Advertisement

Méi waarm, mee kee markanten Héichdrockafloss

Déi méi waarm Loftmassen, déi eis deemnächst erreechen, ginn duerch Déifdrockgebitter an eis Géigenden transportéiert. Am Laf vun den Deeg etabléiert sech héije Loftdrock iwwert dem Oste vum Kontinent, iwwerdeems déiwe Loftdrock iwwert dem Weste läit. Mir leie méi no um Déif wéi um Héich – dat bedeit, dass mir zwar méi waarm Loftmassen aus dem Süde kréien, mee doduerch ëmmer erëm och musse mat Schliet rechnen. Zumools Ufanks der neier Woch kéint sech de Norde vu Frankräich, BeNeLux an och de Weste vun Däitschland genee un der Grenz dovu befannen, wat dann och den Donnerwiederrisk befeiere géif.

De Verlaf

Muer um Freide wäert et a Frankräich am Kader vun den dohanne schonn méi mëlle Loftmassen esouwäit sinn, dass sech besonnesch an de westlechen esouwéi awer och ëstlechen Deeler zu enger Partie Donnerwieder kënnt, déi och mol vereenzelt méi kräfteg kënnen ausfalen. E Samsden zitt e weidert Déif an den Hexagon eran, wouduerch et besonnesch an der Westhallschent an och Deeler vun der Mëtt och méi zolitt ka kraachen.


Eng potenziell méi kräfteg Donnerwiederlag iwwer Frankräich um Samsden | Grafik: wxcharts.com

Am Fokus sti Stuermstéiss, Knëppelsteng a Staarkreen. Vum selwechten Déif ausgoend sinn an eise Géigenden och eenzel Schliet net ganz ausgeschloss, mee eng markant Situatioun erwaart eis awer éischter net. Och e Sonndemoie besteet dës Warscheinlechkeet nach, mee do si sech d’Modeller net all ze eeneg.

Wou mir zu Lëtzebuerg de Moment eise Fokus hisetzen, ass den Dënschden esouwéi och de nächste Mëttwoch. Et kéime bei summerlechen Temperature schmeier Loftmassen an d’Spill, déi iergendwou am Raum BeNeLux an och dem Weste vun Däitschland fir Schliet mat kräftegem Staarkreen, Blëtz an Donner esouwéi och mol Knëppelsteng kënne suergen. Weider Situatioune kéinte sech dann och am weidere Verlaf vun der Woch erginn.

Eppes méi geneeës kann een de Moment nach net soen, déi lescht Zeile si just déi aktuell Iddien vun de Modeller. Egal wéi et kënnt, Météo Boulaide hält Iech um Lafenden!