Ausbléck: Mir kucken eng éischt Kéier op de Weekend

De Weekend iwwer bleift d’Wieder zimmlech variabel. Nieft e puer méi décke Wolleke sinn ëmmer erëm Schauere mat anzeplangen, iwwerdeems sech niewebäi d’Sonn kuerz weise kann.

fir d’lescht aktualiséiert: 14. Mee 2021 – 03:06 Auer

Variabelt Wieder zitt sech och iwwert de Weekend

De Weekend iwwer bleiwe mir ëmmer nach ënnert der fiichter, mee net all ze killer westlecher Stréimung hänken. Dës Stréimung ass dofir verantwortlech, dass mir et de Moment mat esou variablem Wieder ze dinn hunn. D’Temperature beweege sech och weiderhin an deem Beräich, wéi mir en och schonn zanter de leschten Deeg gewinnt sinn.


De Nidderschlagsfilm vun uewe gekuckt bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com/

Freiden, 14. Mee 2021

De Freidemoien ass et nach liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 13 Grad erop. Et gëtt séier méi wollekeg, et klëmmt eng kleng Schauerwarscheinlechkeet. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 13 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et zéien eng ganz Partie Wolleken duerch, mat Chance weist sech d’Sonn heiansdo dotëscht. Nieft de Schauere besteet e klengen Donnerwiederrisk. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, et zéie Niwwelfelder op iwwerdeems eis de Reen fir eng Zäitche verléisst.

Samsden, 15. Mee 2021

De Samsdemoien ass et staark bedeckt a niwwleg, d’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 7 bis 12 Grad erop. Et gëtt séier nach méi staark bedeckt, aus Weste gëtt et no a no méi naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 10 a 14 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et bleift bedeckt, ëmmer erëm reent et. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 5 a 9 Grad zréck, et bleift wollekeg a reene kann et och nach.

Sonnden, 16. Mee 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, et ass mat Niwwelfelder a liichte Nidderschléi a Form vu Fisemreen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 7 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op 10 bis 13 Grad erop. Et bleift éischter bedeckt, eenzel Nidderschléi si nach méiglech. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun tëscht 11 a 15 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Sonn a Wolleke wiessle sech of, dotëscht ass heiansdo mol eng Schauer dobäi. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, aus Weste kënnt neie Reen erageschwappt.