Nodeems de Weekend iwwer och liichten Déifdrockafloss an d’Spill kënnt, setzt sech d’nächst Woch erëm héije Loftdrock bei eis duerch. De Mix aus Niwwel a sonnege Momenter bleift eis also erhalen.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Weekend iwwer leie mir ënner mol méi a mol manner héijem Loftdrock, dohier kann et och deels zu liichtem Reen kommen. Den Détail dozou hate mir eis gëschter schonn méi genee ugekuckt.
Vun e Méinden u gëtt den héije Loftdrock erëm méi present, well e sech vun den Alpen hier weider a Richtung Norden ausbreet a sech mat engem aneren Héich, wat iwwert dem Atlantik läit, verbënnt. Dës Héichdrockbréck soll dem aktuelle Stand no bis d’nächst Woch e Freiden erhale bleiwen, duerno soll eng Kalfront duerchzéien. Eenzelne Berechnunge no kéint et hannendrun direkt erëm zu héijem Loftdrock kommen an och zu engem potenziellen Abroch vu polare Loftmassen – dat muss awer nach ofgewaart ginn.
De viraussiichtleche Verlaf
Ebe well mir ënner markantem Héichdrockafloss leie wäerten, ass et liicht ze soen, dass mir et oft mat Niwwel wäerten ze dinn hunn. An de méi kale Joreszäiten ass de Sonnestand net méi esou héich ewéi am Summer, wouduerch sech de Niwwel duerch eng manner intensiv Astralung vun der Sonn & Wiermt sech net esou séier kann opléisen – mat Pech och iwwerhaapt net. Stand aktuell kéint sech de Niwwel e Méinden eréischt am fréie Nomëtten ufänken opzeléisen, den Dënschden däitlech méi fréi. De Mëttwoch kéint et och erëm séier goen, ier et en Donneschde méi laang kéint dréif bleiwen. Déi eenzeg Nidderschléi, déi doduerch optriede kënnen, ass geréngfügege Fisemreen. Eréischt e Freidenowend besteet, duerch eng potenziell Kalfront, eng geréng Warscheinlechkeet vu “richtegem” Reen.
D’Temperature beweege sech an der éischter Wochenhallschent viraussiichtlech tëscht 11 a 16 Grad am Dag, an der zweeter Hallschent tëscht 10 a 15 Grad. Fir de Weekend ass et nach net kloer, ob et däitlech méi kal gëtt oder et änlech virugeet. Do kucke mir eng aner Kéier méi genee drop.