Ausbléck: Modeller ginn erëm a Richtung 30 Grad an driwwer

Wéi schonn esou oft an dësem Summer schaffen d'Modeller de Moment un enger weiderer, méiglecherweis méi laanger waarmer Period.

Et ka geschwënn erëm däitlech méi waarm ginn

Et kann een ëmmer erëm betounen: de Summer 2022 huet et a séch. An engem Summer sinn héich Temperature näischt Neies, mee d’Frequenz wéi oft se optrieden – deels esouguer am immens waarme Beräich, ass an dësem momentane Summer éischter ongewéinlech. A Saachen Dréchent fält dëst nach besser op.

A Richtung Enn der Woch kann et wuel nach heiansdo naass ginn, tendenziell hëlt dëst awer ëmmer weider of. De Méinde kann aus aktueller Siicht gesinn nach déi eng oder aner lokal Schauer optrieden, déi awer vun de Quantitéiten hier net wierklech relevant sollte sinn. An da gëtt och schonn erëm lues a lues eng Ännerung an de Modellkaarte siichtbar…

Erëm Wiermtpompel aus dem Süden?

Sou wéi et den europäeschen ECMWF an och den amerikanesche GFS de Moment gesinn, soll sech vum Dënschden, 23. August resp. Mëttwoch, 24. August un erëm eng méi waarm Grousswiederlag astellen – déiwe Loftdrock virun der Westküst vu Frankräich an héije Loftdrock iwwert dem zentralen & ëstlechen europäesche Kontinent. Duerch dës Konstellatioun géifen erëm dréchen an héichsummerlech Loftmassen aus dem Mëttelmierraum an och Afrika riicht op Lëtzebuerg transportéiert ginn. Den ECMWF gesäit dat bis op mannst de 27. August, den amerikanesche GFS gesäit spéitstens fir ronderëmt den 30. August eng däitlech Ofkillung aus Norden.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse vum Sonnde bis de Samsden | Animatioun: wxcharts.com

An Zuele gekuckt wieren den Dënschden erëm tëscht 24 an 28 Grad ze erwaarden, de Mëttwoch 28 bis 32 Grad – genee wéi och um Donneschden, de Freide 26 bis 31 Grad, de Samsden an de Sonnden 26 bis 30 Grad. Et wieren also normal summerlech bis héichsummerlech Temperaturen. Dat besonnescht ass just, dass mir dëst Joer immens oft vun op mannst esou héijen Temperature schwätzen.

Erëm keng gréisser Nidderschlagszommen

Wärend der Period vum 23. bis op mannst de 26. August gesäit den ECMWF erëm quasi kee Nidderschlag op eis duerkommen. Den amerikanesche GFS ass e bësse méi optimistesch a gesäit fir d’Period vum Donneschde bis iwwert de Weekend eng kleng Chance vu lokale Schaueren. Sollten dës antrieden, dann dierften d’Reequantitéiten trotzdeem zimmlech onspektakulär ausfalen.