Ausbléck: Modeller mat zweestellege Plusgrade fir déi nächst Woch

Dass den héije Loftdrock iwwert de Weekend bei eis bleift, hu mir schonn gëschter gekläert. En Ausbléck op déi nächst Woch verréit, dass eis Temperaturen e gudde Krack no uewe maache kënnen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Eist Héichdrockgebitt verlagert sech an de nächsten Deeg, wéi bekannt, weider an den Oste vum Kontinent. Wat dat fir een Afloss op de Wiederzoustand huet (op mannst mol bis e Sonnde) gitt Dir ënnert dësem Link gewuer. Mir befaassen eis an dësem Artikel awer haaptsächlech op den Temperaturverlaf, well dëse ka nawell interessant ginn fir de leschte meteorologesche Wantermount an dem mir de Moment sinn.

Den Temperaturverlaf

E Méinde klammen d’Temperaturen op e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad, en Dënschde soll et mat 8 bis 11 Grad nach e Stéckche méi mëll ginn. Och de Mëttwoch hätte mir et mat änleche Wäerter ze dinn, en Donneschde si mir mat 6 bis 8 Grad dobäi. De Freiden a Samsden deet sech net all ze vill, fir de Sonnde kéinten dem europäesche Modell no och ëmmer nach bis zu 8 Grad ustoen. Dem amerikanesche Wiedermodell GFS no kann een awer schonn erëm gutt 3 Grad ofrechnen.

Dës Differenze sinn fir dësen Zäitraum komplett normal, an awer ass den Trend kloer: Et gëtt méi mëll bei eis, an domat wieren dann och iwwerduerchschnëttlech Wäerter ze erwaarden.

D’Nuechten

Tëscht Dag a Nuecht kënne gréisser Temperaturdifferenzen optrieden, also gréisser wéi souwisou schonn. Kläert et ënnert dem Héichdrockafloss, deen mir jo nach bis an déi nächst Woch mat erandroen, op, da kann et gär mol op tëscht 0 a -3 Grad erofgoen. Sollt et kuerzfristeg zu enger Inversiounslag kommen, da wieren och Moienter mat -4 Grad an drënner net ausgeschloss. Esou kënnen also tëscht Dag a Nuecht Ënnerscheeder vu bis ëm 10 Grad optrieden.