Ausbléck: Modeller rechne mat “Déifdrockstrooss” fir déi nächst Woch

Wat mir de Moment an och an de leschten Deeg gesinn ass ëmmer d’Wierk vun engem gréisseren Déif. Fir d’nächst Woch sinn et wuel lauter kleng Déifer, déi wéi un enger Ketten eis Groussregioun beaflossen. De Risk vu stiermesche Perioden geet an d’Luucht.

Advertisement

Rouegt a frëndlecht Wieder weiderhin Utopie

Wann ee no guddem a frëndlechem Wieder sicht, da fënnt een an der nächster Woch wuel och näischt. Dat eenzegt, wat als klengen Trouscht dran ass, sinn e puer méi roueg Ofschnëtter wärend deene sech d’Sonn kuerz weise kënnt, ier sech erëm Schauere weisen.


Déi viraussiichtlech Grousswiederlag fir d’nächst Woch. Gutt gesäit een déi ugeschwaten “Déifdrockstrooss” | Animatioun: wxcharts.com

Trotz de villen Onsécherheeten aus de leschten Deeg si sech d’Modeller driwwer eenz, dass eis an der nächster Woch eppes wéi eng “Déifdrockstrooss” soll erwaarden. Dëse Begrëff huelen ech gären, well en d’Situatioun am beschten erkläert. Iwwert dem Nordatlantik hu mir et nämlech mat engem groussen Déifdrockkomplex ze dinn, deen sech esouguer eriwwer an Amerika erstreckt. Zur selwechter Zäit leet sech héije Loftdrock iwwert de Süde vun Europa, inklusiv dem Mëttlerraum an dem Balkan. Wann d’Déifdrockgebitter elo vu Westen hier op eise Kontinent duergezu kommen, gëtt et just ee Wee: Déif fir Déif zéien d’Kären iergendwou tëscht de britteschen Inselen an dem äusserste Weste vun Europa duerch, wat och en Afloss op eist Wieder heiheem zu Lëtzebuerg huet.

Wéi wierkt sech dat op eis aus?

An éischter Linn heescht dat natierlech, dass eis kee schéint Fréijoerswieder erwaart. Iwwert d’Deeg verdeelt zéien ëmmer erëm Fronten duerch, déi eben och ëmmer erëm Reen mat sech droen. Dotëscht ginn et, wéi schonn gesot, awer och méi roueg a méi sonneg Ofschnëtter, vun deenen dann profitéiere sollt.


Dës Entwécklunge bréngen och mat sech, dass et lëfteg bis fläit esouguer stiermesch ka ginn | Animatioun: wxcharts.com

Eng Wiederlag wéi dës ass ufälleg dofir, dass et zu stiermeschen Zenarie kënnt. Deemno wéi no dës kleng Déifer mat hire Kären u Lëtzebuerg laanschtzéie, komme mir an hir Wandfelder. An handelt et sech ëmt méi kräfteg Déifer, da kann et och gär mol stiermen. Fir e Méinde gi beispillsweis Vitesse bis ëm 60 oder 70 km/h berechent, e Mëttwoch-, Donneschden- an och de Freidenowend kéinte potenziell weider Terminer fir änlech Entwécklunge sinn.

Iergendwou tëscht kill a fréijoersméissegen Temperaturen

Well dës Déifdrockgebitter eben esou kleng sinn a séier zéien, kann een och net genee soen, wéi héich eis Temperature wäerte klammen. Jo, duerch déi südwestlech Stréimung, déi duerch dës Grousswiederlag entsteet, soll et tendenziell méi waarm ginn. U wat een awer och nach denke muss ass, dass dat mat der Wiermtzoufuer just klappt, wann d’Déifdrockgebitter net ze wäit südlech zéien. Mir kënnen eis also op Schwankungen astellen, wéi mir se an de leschten Deeg och schonn haten: Mol 12 Grad als Maximum, an den Dag drop kraze mir erëm un den 18 Grad.

De Fazit ass op alle Fall, dass eis eng nach méi variabel Woch soll ustoe wéi déi, déi elo geschwënn op en Enn geet.