Ausbléck & Modellgeflüster: Gläich méi kill an och stiermesch?

Zanter dem Méinden hu mir kalendareschen Hierscht. A wann een e bësse méi wäit an d’Zukunft probéiert ze kucken, da schéngt dëse sou lues awer sëcher Präsenz ze weisen.

Dës Woch

Wat dës Woch ubelaangt, wäerte mir wuel ënnert Déifdrockafloss bleiwen. Haut um Mëttwoch souwéi och um Donneschden ass et oft gro, dobäi muss ëmmer rem mat Schauere gerechent ginn. De Modellrechnunge no huele mir d’Reewahrscheinlechkeet och nach bis an de Weekend era mat, allerdéngs kann et do awer och heiansdo zu méi sonnege Momenter kommen. D’Temperature klammen haut op 15 bis 18 Grad, muer um Donneschde sinn et 16 bis 21 Grad an um Freide souwéi och um Samsde packen d’Wäerter et net iwwer 19 Grad. Vum Sonnden u gëtt et e minimalt Stéck méi waarm, den Himmel gëtt awer dem aktuelle Stand no méi gro an et kann ëmmer nach reenen.

Dass d’Chancen op Reen de Moment an och an der nächster Zäit sou gutt stinn, hu mir haaptsächlech dem aktiven Jetstream ze verdanken. E Frontesystem nom anere rauscht duerch an tëschenduerch ginn et och mol rem méi frëndlech Momenter.

De Rescht vun dëser Woch vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Temperature kéinte weidere Réckgang maachen

D’Ensemblemodeller rechnen ufanks der nächster Woch domat, dass et wuel kuerzzäiteg méi mëll ka ginn. Do wieren da Wäerter vu knapp iwwer 20 Grad méiglech. Duerno gëtt et awer méi interessant, mee opgepasst: mir kommen an ee Beräich, dee nach net ganz secher ass. Sou wéi et elo ausgesäit, kéinte sech eis Temperature vun Ufank Oktober un am Dag just nach em 15 Grad ophalen, demno wéi souguer drënner. D’Wahrscheinlechkeet vu Buedem- a Loftfrascht an de Nuechte géif signifikant an d’Luucht goen. Och wat de Nidderschlag ugeet, gi gutt Signaler berechent. Wann ee sou kuckt, wat dëst Joer bisewell emmer sou u Nidderschlag gerechent ginn ass, kann ee bei de momentanen Aussiichte net kloen. D’Natur kritt demnächst, wat se braucht. Dësen Trend kéinte mir souguer nach bis bal Mëtt Oktober eranhuelen.

Probabilitéit vu staarkem Wand / Stuermstéiss klëmmt

Wéi scho gesot, rauschen ëmmer rem Déifdrockgebitter a Frontesystemer duerch. Well sou lues d’Saison vun den Hierscht- a Wanterstierm ugeet, sinn ënnert dësen Déifdrockgebitter och ëmmer méi oft Stuermdéifer. Op mannst dem amerikanesche Wiedermodell GFS no klëmmt d’Wahrscheinlechkeet vu Situatiounen, an deenen et zu Stuermstéiss komme kann (Wandstéiss ab 75 km/h) och vun ufanks Oktober un. Den europäesche Modell ECMWF gesäit schon eng Wahrscheinlechkeet vu nächster Woch un.

GEFS Ensemble vum 24.09.2019 12Z (meteociel.fr)