Ausbléck: Nach eng Kéier Flacken an der Groussregioun méiglech

Den ugekënnegte Virstouss vu méi kille Loftmasse weist säin Afloss an de nächsten Deeg an der Groussregioun. Wéi genee sech dësen op Lëtzebuerg auswierkt, ass awer nach net esou ganz sécher.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Vun elo bis op d’mannst en Donneschde wäerten eis aus dem héije Norden kill Loftmassen erreechen, déi deelweis och spéitwanterlech Auswierkungen op eis wäerten hunn. Erbäigeruff gëtt dës kal Stréimung duerch en Déif, wat sech iwwert dem Nordoste vum Kontinent befënnt, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem nërdlechen Atlantik läit.


De viraussiichtleche Verlaf vun de Loftmasse bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Zousätzlech verlagert sech e weidert, klengt Déifdrockgebitt aus dem skandinavesche Raum erof an Däitschland, duerch dat déi kill Loftmasse nach besser an de Süde virukommen. Doduerch sollen déi kill Loftmassen elo, dem momentane Modellstand no, nach bis e Sonnden en Afloss op eis hunn.

Warscheinlechkeet vu Schnéischaueren

Erwaart Iech kee nohaltege Spéitwanterabroch, an awer ass et méiglech, dass mir op d’mannst plazeweis nach eng Kéier e puer Flacken ze gesi kréien. Den dofir relevanten Zäitpunkt ass an der Nuecht op en Donneschden, an där zumools den aktuellen amerikanesche Wiedermodell GFS esouguer nach eng Kéier kräfteg Schnéischauere simuléiert, wat een awer op alle Fall däerf unzweiwelen. Den europäesche Wiedermodell ECMWF gesäit e ganze Koup Schaueren, déi plazeweis mol a Form vu liichtem Schnéi oder Schnéireen erofkommen. Dës Nidderschléi, egal ob GFS oder ECMWF, gi vun engem klengen Déif aus, wat zum genannten Zäitpunkt knapp südëstlech vu Lëtzebuerg soll leien. Den amerikanesche Modell gesäit just dowéinst nach eng Kéier relevante Schnéifall, well d’Déif vun dësem Modell exakt iwwert eis berechent gëtt.


Hei gesi mir gutt, wéi dat klengt Déif aus Frankräich eropgezu kënnt | Animatioun: wxcharts.com

Den däitschen ICON-Modell gesäit d’Déif, genee wéi den europäeschen ECMWF, südëstlech vun eisem Land – dat och net an der Nuecht, mee eréischt en Donneschdemëtten. Zumools fir d’Grenzgebitt zu Däitschland gëtt mat Reen a Schnéireen gerechent, iwwerdeems de Schnéi-relevanten Deel net no genuch un eist Land erukéim. Eng änlech Berechnung weist och de franséischen AROME-Modell, dat vu géint 7 Auer moies un. Schnéifall wier awer en Tick méi warscheinlech.

Wat huet dat ze bedeiten?

Mir mierken an éischter Linn, dass et tëscht de Modeller nach zu e puer relevanten Ënnerscheeder kënnt – wat haaptsächlech domat ze dinn huet, dass dat fir eis wichtegt Déif esou kleng an doduerch net esou einfach ze berechnen ass. Allefalls kann et do, wou dat Déif genee driwwer zitt, an der Héicht kal genuch sinn, dass et am Ëmfeld dovun zu Schnéischauere kënnt. Ob dat elo iwwer Lëtzebuerg de Fall ass oder awer méi iwwert dem Nordoste vu Frankräich/dem Saarland, dat muss nach ofgewaart ginn. Mee fest steet: Mir kréien et mat engem méi killen Ofschnëtt ze dinn, deen deels mol nach e spéitwanterleche Charakter kann unhuelen.