No dem Geflacks, wat mir gëschter zäit- a plazeweis haten, geet et elo bis an déi nei Woch eran méi roueg virun. Grond dofir ass en Héichdrockgebitt, wat sech vun de Pyrenäen aus an eis Géigenden ausbreet.
Advertisement
Héich och just temporär
Alles an allem ass d’Wiederlag, ënnert där mir an de leschten Deeg louchen, eng variabel – just geschitt et net grad an esou engem séieren Tempo, wéi mir et scho mol gesinn hunn. Haut um Sonnden ass et meeschtens gro, zäitweis ass mat Gefisems ze rechnen. Un dësem Modus wäert sech an de nächsten Deeg wuel net all ze vill änneren, obwuel de Fisemreen awer e klengen Tick manner present sollt ginn.
Grond dofir ass dat schonn ugeschwatent Héichdrockgebitt iwwert de Pyrenäen, wat sech bis en Dënschden/Mëttwoch bis an en Alperaum ausbreet an och grouss Deeler vum Mëttelmierraum beaflosst. Vum Mëttwochmoien un hëlt den Afloss an eise Géigenden awer erëm lues a lues of, vu Westen hier mëscht sech Déifdrockafloss an.
De Verlaf bis dohin
Muer um Méinden ass et och erëm meeschtens gro an dréif, punktuell ass nach Fisemreen dobäi. Mat Fréitemperature vun tëscht 2 a 5 Grad a Maximalwäerter vu 5 bis 8 Grad ass awer net méi mat Frascht ze rechnen. Och en Dënschde leie mir nach ënnert dem Héich – an als typescht Muster zur kaler Joreszäit bleift et wuel meeschtens dréif duerch Héichniwwel, eng Ausnam ass awer net onméiglech. 6 bis 9 Grad stinn un, an de Nuechte komme mir mol net méi an de Beräich vum Gefréierpunkt. E Mëttwochmoie sollt sech nach net vill änneren, mee eenzelne Berechnunge no kéinten eis am Nomëtte schonn déi éischt kleng Déifausleefer a Form vu vereenzelte Schaueren erreechen. Bei 7 bis 10 Grad géife schonn erëm zweestelleg Temperaturen erreecht ginn.
Wéi et duerno viru geet, dat gesi mir muer zesummen am Wochenausbléck.