En Dënschde sinn e puer Schnéischaueren ze erwaarden, ier e Mëttwoch eng Loftmassegrenz kuerzzäiteg de Risk vu Glëtz zréckbréngt. Schnéi steet och zur Optioun, mee et kënnt op e puer Détailer un.
Advertisement
Chancen op Schnéi hanner Kalfront
Wéi schonn an engem aneren Artikel thematiséiert, suergt muer um Méinden e Stuermdéif dofir, dass et turbulent zu Lëtzebuerg virugeet. Vum spéidere Nomëtten/Owend u kommen dann op der Récksäit vum Déif, also hannert der Kalfront, erëm kill Loftmassen an d’Spill. Well dës och nach fiicht sinn, geet dat dofir duer, dass eis vun der Nuecht op en Dënschden un eenzel Schnéischaueren ustinn. Wat d’Quantitéiten ugeet, wier zwar net all ze vill mat dobäi, insgesamt wier et awer wanterlech. De Wand ass ëmmer nach spierbar ënnerwee, Vitesse vun ëm 50 km/h si keng Raritéit.
Loftmassegrenz an de klenge Risk vu Glëtz
De folgenden Deel ass per Text e bësse méi komplizéiert ze erkläeren, dohier probéiere mir eis un enger ofgespeckter a liicht verständlecher Variant:
E Mëttwoch läit en Déifdrockgebitt mat sengem Kär westlech vu Frankräich, iwwerdeems iwwert dem Alperaum liichten Héichdrock virzefannen ass. Parallel dozou hu mir en Déif knapp nordëstlech vun Dänemark. Mam Wëssen, dass Héichdrockgebitter mat der Auer an Déifdrockgebitter dogéint dréinen, ergëtt sech duerch dës Konstellatioun, dass kill a fiicht Loftmasse vun der Nordséi a Richtung Süde stréimen, iwwerdeems méi mëll an ëmmer nach fiicht Loftmasse vum Déifdrockgebitt a Richtung Norde gedréckt ginn. Do wou dës géigesätzlech Loftmassen openeentreffe, forméiert sech eng Loftmassegrenz (LMG). Dës LMG wäert viraussiichtlech e Mëttwochowend genee iwwer Lëtzebuerg leien – aneshct wéi et soss oft de Fall ass, bleift se net all ze laang iwwert eis leien a verlagert sech relativ séier a Richtung Norde virun.
Prinzipiell ass et esou, dass et nërdlech vun der Loftmassegrenz – do wou sech déi kill Loftmasse befannen – de Nidderschlag a Form vu Schnéi erofkënnt, iwwerdeems en duerch déi mëll Loftmasse südlech dovun als Reen fällt. Dotëscht fanne mir erëm déi typesch Situatioun, dass vertikal gesinn déi waarm Loftmassen a Form vun engem Käil iwwert de kille Loftmassen aschneiden, déi mir hei ënnen um Buedem hunn. An dëser schmueler Zon besteet kuerzzäiteg erëm de Risk vu Glëtz – besonnesch ausgepräägt sollt se awer net sinn, nach manner relevant wéi déi aus de vergaangene Stonnen.
Wéi genee dës LMG sech wäert iwwert eis Groussregioun leeë, musse mir nach bis spéitstens iwwermuer den Owend ofwaarden. Mir wëssen awer op alle Fall elo mol, mat wat fir engem “Modus” mir et ze dinn hunn.