Ausbléck: Nëmme geréng Reequantitéite bis de Mëttwoch inclus

Bis de Mëttwoch inclus gëtt et zwar heiansdo naass, vill kënnt dobäi awer net zesummen.

Keng gréisser Zommen ze erwaarden

Wéi Dir wësst, leie mir des Woch gréisstendeels ënner Héichdrockafloss. Nidderschléi sinn also net all ze frequent.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 0,2 an 1 l/m² bis de Mëttwochowend spéit. Am Norde soll et am naasste ginn. Den europäeschen ECMWF rechent mat 0,5 bis 2 l/m², dat iwwer dat ganzt Land verdeelt. De franséischen ARPEGE ass mat 0,4 bis 1 l/m² dobäi, den däitschen ICON mat quasi näischt bis 2 l/m².


De Reen bis de Mëttwoch dem däitschen ICON no | Animatioun: wxcharts.com

Och an den Deeg drop ass Reen keen gréissert Thema, demno wéi kéint et bis Dezember dauere bis de nächste nennenswäerte Reen usteet. De weidere Verlaf fannt Dir ënnert dësem Link.