Ausbléck: Net vill Reen bis Enn der Woch

Bis Enn der Woch mengt et d’Wieder guer net mol esou schlecht mat eis. Nëmmen heiansdo ass nach mat e bësse Reen ze rechnen.

Héichdrock & Frascht

Mir waren et bis ewell gewinnt, ëmmer erëm ze héiere mir géifen ënner Déifdrockafloss stoen. Dëse Mount war dat bis ewell manner oft de Fall, an esou ass et och elo am Moment. Héije Loftdrock huet eis am Grëff, trotz klenge Schéinheetsfeeler déi mir dotëscht haten – Beispill: gëschter um Dënschden. Mat ongeféier dësem Bild geet et bis Enn der Woch bei eis virun.

Duerch den héije Loftdrock sinn et virun allem d’Nuechten, déi liicht wollekeg bis hin zu kloer ausfalen – och de Niwwel spillt eng Roll. Doduerch kann et weiderhi plazeweis gutt ofkillen. An de leschte Nuechte sinn ëmmer erëm, besonnesch an den Däller, Wäerter vun ëmt oder esouguer ënnert dem Gefréierpunkt gemooss ginn. Haut um Mëttwochmoien ass et och op net sou déif geleeëne Plazen dofir duergaang. Änlech Wäerter sollen de Modeller no och nach muer um Donneschdemoie méiglech sinn, ier et um Freidemoien erëm minimal méi mëll sollt ginn. Tëscht 2 a 5 Grad solle sech d’Wäerter dann gréisstendeels ophalen. Um Samsden an och um Sonndemoie soll et dann awer erëm méi op d’0er-Grenz zougoen.

Den héije Loftdrock bréngt net nëmmen déi kill Temperature mat séch, mee och de Niwwel – deen zumools vum Hierscht iwwert de Wanter bis an d’Fréijoer eran méi oft vertrueden ass. Mir wieren dobäi och schonn erëm beim sougenannte “Niwwel-Lotto”, heescht: d’Modeller si net all ze gutt dran, de Niwwel zu dëser Joreszäit korrekt anzeschätzen. Net wonneren also, dass et heiansdo trotzdeem de ganzen Dag gro duerch Niwwel/Héichniwwel ass, obwuel eigentlech Sonn virausgesoot gouf. Méi iwwert de Niwwel-Lotto fannt Dir hei.

De generelle Verlaf

Wéi gesot, ass fir dës Woch net méi all ze vill Reen ze erwaarden – wat awer net heescht, dass et guer net méi reene wäert.

Haut um Mëttwoch kommen am Laf vum Dag méi déck Wolleken op, déi lokal begrenzt mol eng Schauer erausdrécke kéinten – eppes grousses ass dobäi awer net ze erwaarden. Mir packen et op 9 bis 11 Grad. Muer um Donneschden zéien e puer méi kompakt Wolleken duerch, soubal sech de Niwwel opgeléist huet. Reene sollt et bei 12 bis 15 Grad awer net. Um Freiden ass et am Ufank nach liicht wollekeg (wann een de Niwwel ausklammert), ier séier erëm méi déck Wolleken aus Norden opkommen. Et sollt trotzdeem gréisstendeels net reenen. 10 bis 15 Grad. De Weekend stinn d’Chancen op sonneg Momenter dem aktuelle Stand no erëm däitlech besser, d’Warscheinlechkeet vu Reen ass nach méi kleng.

Wat d’Nuetstemperaturen ugeet wësse mir, dass mir an engem Beräich vun tëscht 2 a 5 Grad ënnerwee sinn an heiansdo mol kënnen op 0 Grad an drënner rëtsche kënnen. Glat Stroosse sinn och soumat net ausgeschloss.