Ausbléck: No a no manner waarm, zäitweis Schaueren an Dimmere méiglech

Nodeems de Groussdeel vum August éischter variabel war, konnt sech de Summer elo nachemol richteg duerchsetzen. Demnächst sinn awer scho rem Ännerungen a Siicht.

Bis de Mëttwoch nach 33 Grad, dann Schauer- & Wiederrisk

De Moment gi waarm Loftmasse bis wäit an de Norde gedréckt, duerch déi et an eise Géigende bis zu 33 Grad waarm ka ginn. Dat ass haut nach de Fall, muer mat Chance och nach. Eventuell ass och mol e Grad méi net onméiglech, virun allem an der Haaptstad, Ëmgéigend Miersch, d’Muselgéigend an am Südweste vum Land.

E klengen Dämpfer wäerte mir awer am Laf vum Mëttwoch erliewen. Um Owend gerode mir lues a lues ënnert den Afloss vun enger Kalfront, duerch déi et engersäits fir eng kuerz Zäit e bësse manner waarm wäert ginn. Anerersäits geet d’Wahrscheinlechkeet vu Nidderschléi a Form vu Schaueren a Wiederen an d’Luucht. Wéi déi sech intensitéitstechnesch entwéckle wäerte, kann een elo nach net ofschätzen. Um Donneschden an um Freide wäert et awer op alle Fall mat tëschen 21 a 27 Grad méi kill ginn, awer och haaptsächlech am Süde nach summerlech bleiwen.

Et ginn ëmmer nach waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gelenkt (ICON / wxcharts.com)

A wéi geet et weider?

An duerno? Aktuell Modeller rechnen domat, dass et de Weekend nachengkéier zu engem Virstouss vu waarme Loftmasse komme kann. Dat duerch e kräftegt Déif, wat mat séngem Kär nordöstlech vun de briteschen Insele leie wärt. Kuerzzäiteg sinn do nachemol Wäerter vun em 30 Grad dran, ier et schon um Sonnde viraussiichtlech zu engem Austausch vun de Loftmasse komme wäert. Och dëst kann a Form vu Geschauers a Gerubbels iwwer d’Bühn goen.

Vun dësem Zäitpunkt un, also dem 1./2. September, schéngt sech lues a lues eng méi onbestänneg Phase astellen ze wëllen, d’Temperaturen areeche nach tëschen 20 a 25 Grad am Dag an et kann ëmmer rem mol zu enger Schauer oder och engem Wieder kommen (tëschenduerch awer nach puer sonneg Momenter). E méi frësche Wand wier do och zäitweis mol net ondenkbar.

Kuerze Warmloftvirstouss, dann Kalfront (GFS / wxcharts.com)