Ausbléck: Nom Weekend turbulent Nordweststréimung méiglech

Pénktlech fir déi nächst Woch soll sech iwwer Mëtteleuropa eng méi turbulent Nordweststréimung astellen. An dësem Artikel kucke mir schonn mol drop, wat dat fir een Afloss op eis & och eis Noperen hätt.

Advertisement

Héije Loftdrock gëtt zréckgedrängt

Den héije Loftdrock, mat dem mir et iwwert de Weekend wäerten ze dinn hunn, gëtt vum Méinden u lues awer sécher erëm zréck aus op den Atlantik zréckgedréckt. De Grond dofir ass e Konstrukt aus déiwem Loftdrock, deen sech aus dem héije Norden a Richtung Europa erofdréckt. D’Resultat ass also eng Grousswiederlag, bei där héije Loftdrock knapp westlech vu Frankräich läit an déiwe Loftdrock iwwer Skandinavien. Duerch d’Stréimungsrichtung vun Héich an Déif (am & géint d’Auer) ginn fiicht, mee och kill Loftmassen aus dem héije Nordwesten an eis Géigende gedrängt. Dësen Zenario hate mir och schonn der vergaagene Sonnden op dëser Plaz an och am rezente YouTube-Video ugeschwat.


D’Wiederlag vum Méindenowend/Dënschdemoien un | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

D’Fro ass awer elo natierlech: Kill & fiicht… bedeit dat elo, dass de Schnéi sech weiderhi bei eis weise wäert? Kucke mir eis dat e bësse méi genee un.

Et kënnt op d’Grenz un…

… Lännergrenzen, oder wat ass domat gemengt? Op wat ech erauswëll ass d’Grenz tëscht dem Afloss vum héijen an déiwe Loftdrock. Den ugeschwaten héije Loftdrock dréckt a Richtung Nordosten, géint d’Déifdrockgebitt iwwer Skandinavien un. Do wou d’Isobaren am engsten beienee sinn (schwaarz Linnen op der Kaart) ass den Ënnerscheed vum Loftdorck am héchsten. Genee un där “Grenz” spillt sech dat meescht of, also a Saache Nidderschléi & Wand.

D’Saach ass simpel: Verleeft de Beräich mat den engsten Isobare nordëstlech vun eis, kréie mir zwar Nidderschléi of, mee éischter déi mëll Säit dovun. De Schnéi wier also elo net primär d’Thema, héchstens mol Schnéireen. Kritt d’Héichdrockgebitt sech awer net esou staark géint d’Déifdrockgebitt iwwer Skandinavien duerchgeboxt, da kann et virkommen, dass d’Isobarendrängung méi no u Lëtzebuerg stattfënnt. An dësem Fall géif sech näischt un de Nidderschléi u sech änneren, mee un der Temperatur. Schnéischaueren & staarke Wand wieren ze erwaarden.

Wéi gesinn d’Modeller et de Moment?

De Moment gesinn d’Modeller ECMWF a GFS de Beräich mat den engsten Isobare knapp ëstlech un eis laanschtgoen, de Beräich soll sech also haaptsächlech iwwer Däitschland leeën. Déi keelst, an domat och déi “schnéi-frëndlechst” Loftmasse, géife sech knapp ëstlech vun eis beweegen. Bei eis wieren zwar mol eenzel Flacken dran, mee pure Schnéifall ass däitlech manner warscheinlech wéi bei eisen däitsche Noperen.


De Beräich mat den engsten Isobaren fir de Méindenowend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

Fir e Méinde gëtt de Moment eng Mëschung aus Reen a Schnéireen am Gros vum Land an e puer eenzelne Schnéischaueren op den héchste Koppe vum Land berechent, d’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 2 a 6 Grad. Am Laf vum Dënschde sollen d’Nidderschléi weiderhi no a no méi present ginn, dat meesctens a Form vu Schnéireen & Reen. D’Temperature sollen op tëscht 2 a 4 Grad klammen. Bis en Donneschde wier mat dësem Gemësch ze rechnen, wat awer no a no ëmmer manner Flacke weise géif – wat och e Grond huet: d’Héichdrockgebitt, wat zréck op den Atlantik gedréckt gouf, kéim lues a lues “zréckgeschwommen” – an dat géif dann och méi mëll Loftmasse mat sech bréngen.

Wéi gesäit et mam Wand aus?

A Saache Wand ass et bei eis zwar lefteg, mee eppes wierklech markant opfälleges wier net ze erwaarden. Anescht awer un de Küste vun der Belsch, Holland an och am Allgemengen iwwert der Nordhallschent vun Däitschland: Spëtzte vun tëscht 70 a 90 km/h si méiglech, direkt un de Küste sinn och 100 km/h net ausgeschloss.


Wand- & Stuermfeld e Méinden iwwer Norddäitschland & de Küsten | Grafik: wxcharts.com

E weidert méi kräftegt Wandfeld kéint dann an der Nuecht op den Donneschden ustoen. Mir schwätzen zwar hei ganz kloer vun Glaskugelberäich, berechent ginn awer esou bis ëm 85 km/h an eise Géigenden. Dat ännert awer zimmlech sécher nach.