Ausbléck op de Freiden inclus: Nennenswäert Reequantitéiten ze erwaarden

De Reen mécht sech um Donneschden an och um Freiden zäitweis richteg bemierkbar, dobäi ass dann och mat nennenswäerte Quantitéiten ze rechnen.

Am Nordwesten tendenziell erëm am naassten

Sou wéi den amerikanesche Wiedermodell GFS et gesäit, sollen bis de Freiden inclus, also bis an de spéiden Owend eran, tëscht 20 an 28 l/m² vum Himmel falen. Tendenziell ass dat meescht dovun iwwert der Mëtt vum Land ze erwaarden. Den europäeschen ECMWF gesäit dat ganzt e bëssen aneschters an ass mat tëscht 11 an 23 l/m² dobäi, dat meescht gëtt fir de Westen an de Nordweste vum Land gerechent.

Den däitschen ICON berechent 15 bis 32 l/m² bis an de spéidere Freidenowend eran, am naasste soll et am West-Nordweste ginn. Dëst ass och deen Modell, deen dem Reen am optimisteschsten géigeniwwer steet. De franséischen ARPEGE ass mat 12 bis 30 l/m² dobäi a rechent och fir de Westen an de Norden de meeschte Reen.


De Reen bis de Freiden inclus dem europäeschen ECMWF no | Grafik: wxcharts.com

Ganz ofgesinn dovun, wou et am meeschte reent, wäert et bis un de Schluss vun der genannter Zäit op de meeschte Plazen an engem relevante Grad naass ginn. An der Moyenne sollen ueschter d’Land tëscht 14,5 an 28,25 l/m² erofkommen.