Iwwermuer hu mir schonn de leschten Dag vum Joer 2024! Ier an den Deeg drop däitlech méi Beweegung erakënnt, gëtt d’Silvesternuecht selwer héchstens en Tick méi lëfteg.
Advertisement
D’Grousswiederlag
De Moment leie mir ëmmer nach fest ënner Héichdrockafloss, ënnert där sech dann och nach eng sougenannt “Inversiounswiederlag” forméiert huet. Ofgespeckt heescht dat, dass mir um Buedem eng fiicht a kal Loftschicht hunn, iwwerdeems just e puer honnert Meter driwwer eng méi dréchen a méi mëll Loftmass läit. D’Resultat ass zéien Héichniwwel, deen d’Sonn de ganzen Dag laang verstoppt.
Domat ass awer geschwënn Schluss, well sech ronderëmt Neijoer eng aner Wiederlag astellt – an deels mierke mir schonn un der Silvesternuecht eppes dovun. All ze grouss wäert den Impakt awer nach net sinn.
D’Eenzelheete laut aktuellem Stand
En Dënschde leie mir zwar nach ënner Héichdrockafloss, mee vu Nordwesten hier dréckt och déiwe Loftdrock dogéint. Dësen Déifdrockafloss wäert a Richtung Nuecht no a no un Dominanz gewannen, iwwerdeems eis Héichdrock-Glack a Richtung Alpen a Südeuropa verdrängt gëtt. Obwuel de Loftdrock an eise Géigende fällt, ass awer weiderhi net mat nennenswäerte Nidderschléi ze rechnen: Déi meescht Modeller gesinn einfach just eng wollekeg bis plazeweis niwweleg Nuecht, e puer eenzelner wëlle geréng Nidderschléi wéi e bësse Gefisems oder Schnéi-Gegrimmels net ausschléissen.
D’Temperature leie ronderëmt de Gefréierpunkt, iwwerdeems de Wand lues a lues e bëssen zouhëlt. Markant gëtt en zwar net, an awer gi Wandspëtzte vun ëm 40 km/h méi heefeg. Aner Modeller gesinn nach däitlech méi, mee fir elo sinn dat mol nach Ausräisser. Déi, déi plange, Rakéiten ze schéisse, sollen de Wand op alle Fall mat aberechnen.
Sollt sech eppes markantes un dësen Aussiichten änneren, da kënnt en Update.