Ausbléck: Potenziell Donnerwiederlag de Weekend duerch fiichtwaarm Loftmassen

De Moment hu mir et jo mat engem variable Wiedercharakter ze dinn. Och an de nächsten Deeg wäert dat net wierklech änneren. Dat eenzegt, wat anescht gëtt, sinn d’Temperaturen.

Warscheinlechkeet vu méi kräftege Schliet klëmmt

An der zweeter Wochenhalschend gerode mir ëmmer méi ënnert den Afloss vu méi waarme Loftmassen. Dës Loftmasse ginn eis aus dem wäiten Osten, zu engem groussen Deel souguer aus Russland, zougespillt. Dëst kënnt duerch en Héichdrockgebitt zustane, wat iwwer Finnland läit an duerch seng Dréibeweegung déi waarm Loftmassen an eis Géigenden transportéiert. En Déif iwwert dem schwaarze Mier ënnerstëtzt dat ganzt nach zousätzlech.

Op der anerer Säit hu mir en Déifdrockgebitt, wat de Samsde mat séngem Kär knapp westlech vum nërdleche Frankräich läit. Dëst Déif erfëllt d’Aufgab, méi kill an och fiicht Loftmasse vum Atlantik bis a Mëtteleuropa ze drécken. Duerch déi grad beschriwwe Grousswiederlag, bestoend aus waarme Loftmassen déi op fiicht Loftmassen treffe, gëtt d’Entstéiung vun enger ganzer Partie Schaueren a Wiedere begënschtegt an ënnerstëtzt. De Moment hu mir et jo och scho mat Schaueren an eenzelne Wiederen ze dinn, déi de Weekend kënnen awer opgrond vun enger gréisserer potenziell zur Verfügung stoender Energie punktuell méi kräfteg ausfalen.

Waarm Loftmassen aus dem Osten, fiicht Loftmassen aus dem Südweste | (GFS / wxcharts.com)

Ier mir op déi weider Eenzelheete komme, kucke mir mol, wou dann elo déi zwou Stréimungen openeentreffen. Kuckt een déi aktuell Modellrechnungen, da gesäit et esou aus, wéi wa sech méi oder manner zentral iwwer Däitschland e Sekteur forméiert, wou mat enger gréisserer Warscheinlechkeet méi kräfteg Schliet optriede kënnen. Et ass aus aktueller Siicht awer nach net gewosst, wéi wäit sech déi viraussiichtlech Aktivitéit an de Westen, also a Richtung Lëtzebuerg, erstrecke wäert. Dëst muss mol nach am Aen gehale ginn.

Staarkreen a Wiedere mat klenge Knëppelsteng sinn eigentlech näischt all ze Spezielles, wann do awer net den Héichtewand wier. Dëse schéngt de momentane Modellrechnunge no haaptsächlech de Weekend net wierklech séier ënnerwee ze sinn, wat dozou féiert, dass d’Zellen déi sech forméiere net séier vu Plaz kommen. Bei de méi kräftegen Zelle mat Staarkreen ka sech da mol de Problem opdoen, dass et duerch déi lues Verlagerungsvitesse punktuell begrenzt zu Iwwerschwemmunge komme kann. Ob dëse Risk och zu Lëtzebuerg wäert bestoe muss, wéi gesot, awer nach ofgewaart ginn.

Trotz de méigleche Schliet klammen eis Temperaturen awer e gutt Stéck, eben duerch déi méi waarm Loftmassen, déi hire Wee aus dem wäiten Osten a Mëtteleuropa fannen. Zu Lëtzebuerg sinn de Freiden Héchstwäerter vun tëscht 25 an 28 Grad méiglech, de Samsden tëscht 23 a 26 Grad an de Sonnden tëshct 22 a 25 Grad. Duerch déi erhéicht Loftfiichtegkeet, déi d’Loft sou schauer- an donnerwiederufälleg mécht, ka sech dat Ganzt zäitweis onangenehm schmeier ufillen.