Ausbléck: Reequantitéite variéiere vu Plaz zu Plaz deels staark

Kucke mir op de Reen, deen eis bis de Mëttwoch erwaart. Firdéischt sief awer gesot, dass de Groussdeel vun den Zommen, déi an dësem Artikel genannt gi, schon an der leschter Nuecht resp. haut de Moie gefall ass.

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent mat tëscht 2 a 5 l/m². Am dréchenste soll et am Nordweste vum Land bleiwen, iwwerdeems de Nordosten an d’Mëtt vum Land am meeschte Reen ofkréie sollten.

Den europäesche Modell ECMWF ass mat 11 bis 20 l/m² dobäi, dat mat engem “Schwéierpunkt” am Süde vum Land. Am Raum Beefort kéinte mir dësem Modell no den dréchenste Punkt vum Land fannen.

De franséischen ARPEGE rechent mat 4 bis 16 l/m². Déi grouss Spaan kënnt doduerch zustane, well de Modell, genee wéi déi aner och, meeschtens mat lokal begrenzte Nidderschléi rechent (ausser déi vun haut de Moien). Wou genee dës erofkomme sollen an ob iwwerhaapt, ass fir d’Modeller schwéier erauszefannen.

Den däitschen ICON ass dës Kéier och erëm mat méi niddrege Wäerter dobäi. Tëscht 3 an 10 l/m² Waasser wieren dësem Modell no ze erwaarden, dat haaptsächlech laanscht Musel an am Raum Iechternach/Beefort.

Wéi gesot, déi meescht Modeller hunn de meeschte Reen scho fir déi lescht Nuecht / de Moie fréi gerechent gehat. Et kënnt also weiderhin zu gréisseren Ofwäichunge vu Plaz zu Plaz.