Ausbléck: Réischt um Sonnde soll et erëm manner naass ginn

Déi nächst Deeg ginn erëm där vun der méi naasser Zort.

Grousswiederlag stellt sech ëm

Mir geroden erëm lues a lues ënnert eng westlech bis südwestlech Stréimung, wat deen Effekt huet, dass et méi naass mee och méi mëll zu Lëtzebuerg gëtt. Schonn haut um Freide gëtt den Ufank gemaach.


De berechnete Reen bis de Sonnden inclus, Modell: ICON | Animatioun: wxcharts.com

Den amerikanesche Wiedermodell GFS rechent bis de Sonndenowend inclus mat Reequantitéite vun tëscht 9 a 16 l/m², dat meescht dovu soll laanscht den äusserste Weste vum Land erofkommen. Och den europäeschen ECMWF rechent mat gréissere Quantitéite, mee ënnerscheed sech awer nach bëssen. Tëscht 5 an 10 l/m² gi berechent, de meeschte Reen soll am Südoste vum Land erofkomme, mee och laanscht den äusserste Westen. De franséischen ARPEGE ass mat 8 bis 15 l/m² ënnerwee a gesäit dëst och flächendeckend. Just am äusserste Norde soll et am mannste reenen. Den däitschen ICON ass mat 8 bis 14 l/m² dobäi a gesäit fir d’Südhallschent de meeschte Nidderschlag.

Déi duerchschnëttlech Reenzomme sollte sech bis de Sonnden inclus op tëscht 7,5 an 13,75 l/m² belafen.