
Kommt, mir taaschten eis un déi nächst spannend Wiederlag un. D’Modeller deite nämlech schonn e puer Deeg laang un, dass eis an der neier Woch markante Wand kéint erwaarden.
Wat féiert dozou?
De Wand wäert schonn am Laf vum Sonnden ufänke méi markant ze ginn. De Grond dofir ass en Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik & de britteschen Inselen, deen vun Héichdrockafloss iwwert dem Mëttelmierraum “gekontert” gëtt. D’Loftmassen drécken also widderteneen – a genee dotëscht ass mat kräftegem Wand bis hin zu Stuerm ze rechnen. Datumer, déi een muss am Aen hale, sinn also de Méinden, Dënschden an och e Mëttwoch.

Et sollt ee sech awer elo kee Joerhonnertstuerm erwaarden. An engem duerchschnëttleche Wanter ass et normal, dass et zu Stuerm- oder Orkandéifer kënnt.
Déi viraussiichtlech Wandvitessen
Wa mir op den aktuelle Stand vun de Modeller aginn, da kënne virun allem vum Sonndenowend un verbreet Wandvitessen vun iwwer 50 km/h optrieden. Laut dem amerikanesche Modell gëtt et dann vun der Nuecht op e Méinden un interessant, et gi Stuermstéiss vun tëscht 75 a 90 km/h berechent. Bis an de fréie Nomëtten era soll et dann esou bleiwen, ier sech de Wand lues a lues leet.
Den europäesche Modell rechent vum fréie Méindemoien un mat Spëtzte vun ëm 60 km/h, déi sech nach wärend dem Virmëtten op 80 km/h kënne verstäerken. Dem däitschen ICON no wier et änlech, mee just am Laf vum Nomëtten.
Et ginn also nach zäitlech Ënnerscheeder, mee d’Iddi ass déi selwecht – mir halen dës Berechnungen an de nächsten Deeg natierlech zesummen am Aen!
En Dënschde si Spëtze bis 60 km/h dobäi, e Mëttwoch och. Dëse Wäert ass awer nach héich-spekulativ – do musse mir nach e bësse waarden, bis een eppes domat kann ufänken.