
An de leschten Deeg hu mir et e puer mol niewebäi ugeschwat, elo schéngt et awer esou lues en Trend ze ginn: Ronderëmt e Mëttwoch ass e Changement op eng méi variabel Wiederlag méiglech.
Advertisement
E Wiessel vun der Grousswiederlag?
Momentan leie mir ëmmer nach ënner stabilem a kräftegem Héichdrockafloss, duerch deen et zu kenge nennenswäerte Nidderschléi kënnt. Dat “spannendst” de Moment ass tatsächlech d’Fro, ob sech de Niwwel dagsiwwer wäert opléisen oder net – wat haaptsächlech vu lokalen Entwécklunge, wéi beispillsweis Inversiounswiederlagen, ofhängeg ass. Soss ass awer alles roueg an och iwwer méiglech markant Situatioune musse mir eis momentan keng Suerge maachen.

An de leschten Deeg hate mir op eise Sitten heiansdo mol kuerz ugeschnidden, dass eis d’nächst Woch e Changement kéint erwaarden. Bis ewell hu sech d’Modellrechnungen och net grouss verännert, wat heescht, dass et mëttlerweil keng Spekulatioun méi ass, mee schonn eppes wéi e klengen Trend. Duerch den Ëmschwong géif eist Héichdrockgebitt a Richtung Osteuropa verdrängt ginn, iwwerdeems op der anerer Säit, am Westen, d’Dier op den Atlantik eraus erëm géif opgemaach ginn. Doduerch hätten Déifdrocksystemer erëm e liicht Spill, wat eist Wieder vill méi onbestänneg géif maachen.
Europäesche Modell mat gréisster “Beweegung”
Virun allem an de Berechnunge vum europäesche Modell ass dës Iddi staark vertrueden: Am Laf vum Mëttwoch géifen eenzel Schaueren opkräizen, tëscht dem Donneschden an dem Samschdemëtte kéint dann esouguer e méi kräftegt Déif mat spierbarem Wand an och ville Schaueren op eis iwwergräifen. Zwar spillt sech dëse Modell-Zenario a gutt enger Woch of, an awer wier et eng Méiglechkeet. Den amerikanesche Modell huet, vun der Grousswiederlag hier, en änlecht Muster a senge Kaarten – just soll d’Aktivitéit manner grouss ausfalen. Et wier onbestänneg, mee dat och mat méi laange rouege Pausen dotëscht.
Egal wéi een Zenario et am Endeffekt genee gëtt, gesäit et momentan tatsächlech dono aus, dass sech ronderëmt e Mëttwoch eppes wäert veränneren. Mir halen dat ganzt am Aen a ginn, soubal néideg, weider Updates.