No de ville Wolleken, dem Niwwel an och dem Reen wier et un der Zäit, dass et mol erëm méi frëndlech gëtt. D’Chancen dorop klammen tatsächlech fir d’nächst Woch.
Advertisement
D’Grousswiederlag ännert sech
An de leschten Deeg louche mir haaptsächlech tëscht liichtem Héichdrockafloss an dann erëm matten ënnert engem Déif. Doduerch krute mir d’Sonn just phaseweis ze gesinn, soss huet et awer oft gereent. A wann et net d’Wolleken an de Reen waren, dann huet de Niwwel fir e net all ze schéinen Androck gesuergt. Wéi gutt, dass d’Berechnunge fir déi nächst Deeg e bëssen Hoffnung bréngen.
Ier mir eis déi nächst Woch e Méinden am Détail ukucken, geheie mir elo schonn e kuerzen an iwwerflächleche Bléck drop. E Méinden, méi awer an der Nuecht op en Dënschde, gerode mir viraussiichtlech nach ënnert den Afloss vun engem klenge Randdéif. Dëst kéint eis nach e puer Schauere bréngen, ier et dann de meeschte Modellrechnunge no vum Dënschden zu enger markanter Ännerung kënnt. En Héichdrockgebitt, wat dann iwwert den Azore läit, breet sech a Richtung West- a Mëtteleuropa aus. Et soll eist Wieder mol nach bis en Donneschden inclus beaflossen, ier dann vun e Freiden un erëm Déifdrockafloss am Spill wier. Ob dësen duerno bleift oder den Héichdrockafloss zréckkënnt, ass eng Fro fir eng aner Kéier.
Duerch den Héichdrockafloss ginn d’Temperaturen am Dag viraussiichtlech just e Stéck zréck, iwwerdeems de Nuetsfrascht erëm méi warscheinlech gëtt. E weidere Faktor, un deen een denke soll, ass de Niwwel: Den Hierscht, Wanter an d’Fréijoer sinn typesch dofir, dass sech de Niwwel bei Héichdrocklagen net gutt opléisen. Ob se sech opléisen oder net kënnen d’Modeller nëmme schwéier aschätzen. Am beschte Fall erwaart eis eng roueg a sonneg Woch, wa mir Pech hu steet eis de Niwwel méi oft am Wee. Mol kucken.
Mir liesen eis e Méinden am Wochenausbléck!