Ausbléck: Saharastëbs suergt deemnächst fir sougenannte “Bluttreen”

Bei der kräfteger südwestlecher Stréimung, där mir déi ze héich Temperature verdanken hunn, ass et kee Wonner, dass och erëm Saharastëbs mat am Spill ass. Dës Kéier gëtt et awer nach e klenge “Bonus”.

Advertisement

Südwestlech Stréimung bréngt net nëmme waarm Loftmassen

Wéi mir jo schonn wëssen, ass et vill ze waarm fir d’Joreszäit. Dës Loftmasse komme net vun iergendwou, mee iwwer Ëmweeër aus Afrika. Kee Wonner also, dass sech do och mol Saharastëbs drënner mëscht. Dëst kënnt reegelméisseg vir an ass zu Lëtzebuerg keng Raritéit.


Wäit uewe lénks op dëser Kaart fannt Dir Lëtzebuerg – an och, dass d’Konzentratioun u Saharastëbs erhéicht ass | Grafik: SKIRON / forecast.uoa.gr

Meeschtens mécht sech dëse Stëbs u Géigestänn bemierkbar, wou e sech oflagert – haaptsächlech um Auto oder an de Fënsteren gesäit een dat gutt. Elo kënnt awer nach en anere Faktor dobäi, nämlech de Reen: E Freiden erwaart eis eng Kalfront, obwuel zu dësem Zäitpunkt ëmmer nach Saharastëbs an der Atmosphär iwwer Lëtzebuerg läit.


D’Kalfront, déi eis muer um Freiden e bësse Reen bréngt (oder eben och “Bluttreen”) | Grafik: wxcharts.com

Dëse Reen fällt natierlech och duerch déi selwecht Loft, an där de Saharastëbs ronderëmflitt. Dohier lagert sech de Stëbs och an de Reendrëppsen of, déi dann ëmsou méi fir verdreckt Fënsteren oder Géigestänn ka suergen. Dës Kéier fällt d’Konzentratioun zwar erëm net all ze grouss aus, an awer sollt een plazeweis eppes dovu gesinn.